Elisabeth Pfluger
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Elisabeth Pfluger gebuer den 21. Oktober 1919 zu Härkingen ass eng schwäizeresch Schrëftstellerin a Seeërchessammlerin.
Zënter si an d'Schoul gaangen ass huet si Zeien a Form vu Bicher aus der Vollekskultur vum Kanton Solothurn, besonnesch Seeërcher, Anekdoten a Sprachwierder gesammelt, déi si dann an Aufsätz an a Bicher verëffentlecht huet.
Si huet och vun 1983 bis 2005 de Solothurner Kalender erausginn. Si war bis 1949 Léierin zu Neuendorf SO an duerno an der Stad Solothurn.
Iwwer hirt Buch Solothurner Sagen dat am Joer 1972 erauskoum seet de solothurnesche Landammann Franz Josef Jeger, dass et hir domat gelonge wier de räiche Seeërchespatrimoine vum Solothurner Vollek virum Vergiessen ze retten.
No dësem éischte Seeërchesband schreift si 1984 d' Solothurner Geschichten, 1986 d' Solothurner Geistersagen, an 2004 an der Schrëfterei Settigi Sache gids vun der Zentralbibliothéik Solothurn nach e Band mat Geeschtergeschichten an aneren onheemlechë Seeërcher.
D'Elisabeth Pfluger sammelt och al solothurnesch Lidder an Dänz.
[Änneren] Wierker (Auswiel)
- Solothurner Sagen (1972)
- Vom Läbe und vom Wätter (1981)
- Aehnen am Bach heds au Lüüt (1983), ISBN 3-7260-0232-4
- Solothurner Geschichten (1984), ISBN 3-7260-0247-2
- Solothurner Geistersagen (1986), ISBN 3-7260-0284-7
- Vill Haag und weeni Garte (1990), ISBN 3-7260-0357-6
- Flueblüemli und Aarechisle (1991), ISBN 3-9070-1212-7
- Settigi Sache gids (2004), ISBN 3-033-00291-9
[Änneren] Präisser
- 1981 Kulturpreis des Kantons Solothurn
- 2001 Preis der Pro Wartenfels