Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
- 1202 : De Leonardo Fibonacci vu Pisa féiert de Gebrauch vun den arabeschen Zifferen an.
- 1205 : De Guyot de Provins erwähnt for d’éischt am Abendland déi (schwammend) Magnéitsnodel.
- 1248 : Den Alfons X. vu Kastilien léisst duerch chrëschtlech a jiddesch Geléierter, déi hien no Toledo berifft, d’Alfonsinesch Tafelen hierstellen, déi vun do un an d’Plaz vun de Ptolemäesche Planéitentafelen trieden.
- 1260 : De Roger Bacon gët fir d’éischt d’Lag vum Brennpunkt bei engem sphaereschen Huelspigel richteg un a gëtt eng Uleitung zur Fabrizéiere vu parabolesche Brennspigelen.
- 1270 : De polnesche Physiker Witelo schwätzt fir d’Optik de Saz aus, datt d’Natur ëmmer no der Richtung vun der kierzter Linn fonctionnéiert.
- 1271 – 1295 : De venezianesche Reesender Marco Polo erfuerscht Héichasien, China, Indien a Pesien.
- 1280 : Den Alessandro de Spina erfënd de Brëll, deen hie fir d’éischt aus Beryll (Beryllium) hierstellt.