Weltbank
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Grupp vu der 'Weltbank ass eng spezialiséiert Ënnerorganisatioun vu de Vereente Natiounen. D'Weltbank an den Fonds monétaire international (FMI) goufen 1944 opgrond vun de Beschlëss vu der Konferenz vu Bretton Woods, gegrënnt. Hire Sëtz, grad wéi deen vun der Schwesterorganisatioun, dem Fonds monétaire international (FMI), ass zu Washington (D.C.). Si beschäftegt 9 300 Persounen. De Grupp vu der 'Weltbank hat ursprënglech den Zweck, d'Reconstructioun nom Zweete Weltkrich an den zerstéierte Länner ze finanzéieren.Hien ëmfasst fënnef Organisatiounen, déi hir eege Rechtdsperséinlechkeet hunn:
- International Bank fir d'Rekonstruktioun an d'Entwécklung (International Bank for Reconstruction and Development – IBRD)
- International Entwécklungsorganisatioun (International Development Association – IDA)
- International Finanz-Corporatioun (International Finance Corporation – IFC)
- Multilateral Investitiouns-Garantie-Agentur (Multilateral Investment Guarantee Agency – MIGA)
- Internationalen Zenter fir d'Bäileeë vun Investitiounsstreidereien (International Center for the Settlement of Investment Disputes – ICSID)
De Weltbankgrupp ass verwaltungsméisseg verflecht an huet zesummen ee President.
De Begrëff "Weltbank" (im Ggs. zum "Weltbankgrupp") ëmfasst nëmmen déi zwou éischt vu de fënnef méi héich opgeféierten Organisatiounen.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Organisatioun
[Änneren] Organer
- Rot vun de Gouverneuren. All Land bezeechent e Gouverneur an e Vizegouverneur, déi all Joer un der Joeresversammlung vum FMI deelhuelen.De Rot vun de Gouverneuren hëlt Entscheedungen a grondsätzleche Froen.
- Exekutivdirektorium, dee verantwortlech ass fir d'Ofwëcklung vum deeglechen Geschäft.
[Änneren] Generaldirekter an Exekutivdirekteren
- De Grupp vun der Weltbank get vun engem Generaldirekter (Managing Director), deen och den Exekutivdirektorium presidéiert, geleet. Opgrond vun enger Ofmachung tëschent den USA a verschidden westeuropäeschen Länner ass den Generaldirekter vun der Weltbank ëmmer en Amerikaner, während den Fonds monétaire international, opgond vun dësen Ofmachungen en Europäer ass.
- D'Generaldirekteren vum FMI gëscht an haut:
Amtszäit | Numm |
---|---|
Juni - Dezember 1946 | Eugene Meyer |
März 1947 - Juni 1949 | John Jay McCloy |
Juli 1949 - Dezember 1962 | Eugene R. Black |
Januar 1963 - März 1968 | George D. Woods |
Abrël 1968 - Juni 1981 | Robert S. McNamara |
Juli 1981 - Juni 1986 | Alden W. Clausen |
Juli 1986 - August 1991 | Barber B. Conable |
September 1991 - Mee 1995 | Lewis T. Preston |
Juni 1995 - Mee 2005 | James D. Wolfensohn |
zenter Juni 2005 | Paul Wolfowitz |
- Den Exekutivdirektorioum setzt sech zesummen aus dem Generaldirekter an 24 Exekutivdirekteren déi vun de Memberlänner gewielt gi. Nëmmen déi grouss Länner, wéi China, Däitschland, Groussbritannien, Frankräich a Russland verfügen iwwert genuch Stëmmen fir hiren eegenen Exekutivdirekter ze bestëmmen. Déi aner Länner musse sech a sougegannten constituencies (Gruppen) zesummenschléissen a fir opgrond vun internen Ofmachungen dann e Vertrieder an den Exekutivdirektorium kënnen ze schecken.
[Änneren] Zil an Aufgaben
[Änneren] D'Vertriedung vu Lëtzebuerg
- Gouverneur fir Lëtzebuerg bei der Weltbank ass de Minister Luc Frieden; säi Stellvertrieder ass den Direkter vum Trésor, de Jean Guill .
- Lëtzebuerg gehéiert zu engem Lännergrupp (constituency), deem:
- Éisträich
- Wäissrussland (Belarus)
- d'Belsch
- Tschechien
- Kasachstan
- Lëtzebuerg
- d'Slowakei
- Slowenien
- Tierkei an
- Ungarn ugehéieren
- an deen duerch den Exekutivdirekter Gino Alzetta (Belsch) a säi Stellvertrieder Melih Nemli (Tierkei) am Exekutivdirektorium vum FMI vertrueden ass.
[Änneren] Literatur
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Internationale Währungsfong (IMF oder FMI)