ASIMO
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
ASIMO ass en humanoide Roboter, dee vun Honda entwéckelt a gebaut gouf. Et ass deen éischte Roboter, deen no vir an no hannen , Träppleken erop- an eraf-, an ëm den Eck goe kann.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Den Numm
ASIMO ass en Akronym fir Advanced Step in Innovative MObility. Am Japaneschegëtt d'Wuert aschimo ausgeschwat a bedeit "och Been". D'Behaaptungen, datt de Numm eppes mam Isaac Asimov ze dinn hätt, huet Honda ni konfirméiert.
[Änneren] Dem ASIMO seng "Virgänger"
Dem ASIMO säi Stammbam geet zréck bis an d'Joer 1986.
- 1986 huet Honda ugefaang mat zweebeenege Roboter. Deen éischten, den E0, konnt schonns riichtaus goen op engem flache Buedem. Fir all Schrack huet en tësch fënnef an 20 Sekonne gebraucht. Vum Ausgesinn hier, war et eng kleng Këscht mat metalle Been.
- Tëscht 1987 an 1993 goufen dräi weider Modeller entwéckelt. Den E1, E3 an den E6 kruten dem Mënsch säin dynamescht Goe bäibruecht.
- Vun 1993 bis 1997 koumen dräi Prototypen eraus, allen dräi mat Kapp, Kierper, an Äerm, déi sech beweegt hunn.
-
- De P1 hat e risege "Kapp" , war eppes iwwer ee Meter 80 grouss an huet bal 200 Kilo op d' Wo bruecht.
- De P2 huet méi "frëndlech " ausgesinn a konnt d' Gläichgewiicht am Stoen halen, wann een e wollt ëmdrécken.
- De P3 war 143 Kilo schwéier an 150 Zentimeter grouss. Hien huet misse stoebleiwen an op der Plaz dréie fir ëm den Eck ze goen.
- Am Oktober 2000 huet Honda den ASIMO virgestallt. Dee weit 52 Kilo bei enger Gréisst vun 120 Zentimeter.
[Änneren] Den ASIMO a seng "Anatomie"
[Änneren] Kapp an Aen
[Änneren] Hals
[Änneren] Kierper
De "Skelett" ass eng eng Rumm aus enger Magnesiumlegéierung déi eng [[Plastik|Plastiks"haut" dréit. Esou konnt d'Gewiicht erofgesat ginn.
[Änneren] Bauch
E 40 Volt 10 Ampère Akku mat engem Gewiicht vun 8,5 Kilo dreift den ASIMO 30 Minutte laang. Den Akku ass dee schwéiersten Eenzeldeel vum Roboter.