Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Sidonie Goossens - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Sidonie Goossens

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D' Sidonie Goossens (* 19. Oktober 1899 zu Liscard op der Mersey; † 15. Dezember 2004 zu Reigate am Surrey) am Alter vun 105 Joer, war eng britesch Harfspillerin.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Hiert Liewen

Hir Famill staamt aus der Belsch. Hire Grousspapp, den Dirigent Eugène Goossens ass am 19. Joerhonnert aus der Belsch an England geplënnert an huet sech zu Liverpool néiergelooss. Säi Jong, mam selwechte Virnumm, gouf och Orchesterdirigent.

Si war dat jéngste Kand vu fënnef. No Coursen bei der Miriam Timothy, huet se mat 16 Joer fir d'éischt ëffentlech gespillt. 1921 huet hir Schwëster Marie an de Proms gespillt a si war un der zweeter Harf. 1923 gouf se vun der BBC engagéiert an ass kuerz drop duerch d'USA op Tournée gaang.

No enger Zäit vu regelméissegen Optrëtter am Covent Garden ënnert dem Sir Thomas Beecham an dem Bruno Walter ass si vum Adrian Boult 1930 invitéiert ginn, fir beim BBC Symphony Orchestra matzemaachen, deen de Boult wollt grënnen. Sou ass si Grënnungmember an éischt Harfspillerin ginn. Si hat sech schonn 1924 mat dem Hyam Greenbaum bestued, engem Violonist, Komponist a Musekarrangeur, deen 1942 am Alter vun 41 Joer duerch Alkoholismus gestuerwen ass. Hien ass ni doriwwer ewech komm, datt hire Bouf bei der Gebuert gestuerwen ass.

Mat dem neigegrënnte BBC-Orchester huet si ënnert deene berühmtesten Dirigente gespillt, dem Arturo Toscanini, dem Willem Mangelberg, Richard Strauss,Serge Koussewitzky, Felix Weingartner an dem Bruno Walter. Si war och bei der éischter Plakkenopnahm mat derbäi. Am Zweete Weltkrich ass si mat dem ganzen Orchester op Bristol geplënnert, eng Stad, déi kuerz drop vun nazidäitsche Fliger bombardéiert gouf. Si war Chef-Harfspillerin vum BBC Symphony Orchestra vun 1930 bis zu hirer Pensioun, 50 Joer méi spéit. 1924 war si déi éischt, déi an enger Radiosendung en Harfsolo gespillt huet.

Géint d'Enn vum Krich huet se sech mat engem schotteschen Zaldot bestued, dem Norman Millar, genannt Bumps, dee méi spéit dem Beecham säi Manager fir de Royal Philharmonic Orchestra gouf. Si hunn e 400 Joer aalt Bauerenhaus no bei Reigate am Surrey kaaft, wou se Schwäin an Hénger geziicht hunn. No dem Millar sengem Doud (1991) ass d'Sid, wéi se vu gudde Frënn genannt gouf, do wunne bliwwen.

An der 60er Joren ass si mat dem BBC-Orchester ënnert dem Pierre Boulez nach ronderëm d'Welt gereest: 1966 an d'USA, 1967 a Russland an a Japan am Joer 1975.

Wéi den Orchester seng 50 Joer gefeiert huet, ass e Galaowend organiséiert gi fir d'Sidonie Goossens, déi als eenzege Museker vun Ufank un derbäi war, ze feieren. Dee Gala gouf vum G. Roshdestvensky dirigéiert. D'Joer drop huet si opgehalen. 1991 huet se d'Gwinneth Jones an engem eegenen Arrangement vun The Last Rose of Summer an der Last Night of the Proms" begleet.

Am Alter hat si e puer mol e Schlag kritt, awer hire Geescht war kloer bis zum Enn. Si war just geplot mat Tinnitus, wat besonnesch fir e Museker eng schlëmm Laascht ass.

[Änneren] Den honnertste Gebuertsdag

Hiren 100ste Gebuertsdag gouf an der Wigmore Hall gefeiert. Sechs Harfspiller, dovunner e puer vun hire Schüler, hunn hir e Ständche gespillt. Um Programm stoungen, ënner aneren, Wierker vun hirem verstuerwene Mann, dem Bumps, a vun hirem Brudder Eugène.


[Änneren] Gesëschter

  • Hir Schwëster Marie Goossens, déi 1991 gestuerwen ass, war och Harfspillerin an huet a verschiddenen engleschen Orchestere gespillt.
  • Hire Brudder, de Léon Goossens (gestuerwen 1988) war e berühmten Hautboisspiller
  • De Brudder Eugène Goossens (gestuerwen 1962) huet Orchesteren zu Rochester an Cincinnati dirigéiert, duerno war hie Chefdirigent vum Sydney Symphony Orchestra an Australien.
  • En drëtte Brudder, den Adolphe, e Corspiller ass am Alter vun 20 Joer am Éischte Weltkrich ëm d'Liewe komm.

[Änneren] CDen

  • INTA'GLIO huet 1991 en Enregistrement vun 1968 erausgi mat der Kompositioun vun der Lili Boulanger (1893-1918) Pie Jesu, pour voix seule, quatuor à cordes, harpe et orgue mat :
    • Janet Price, Soprano
    • Nadia Boulanger Direction, Orgue, Piano
    • Hugh Bean, Gei
    • Trevor Connor, Gei
    • John Cooling, Alto
    • Alan Dalziel, Cello
    • Sidonie Goossens, Harf
    • Simon Preston, Uergel
Aner Sproochen
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com