Déi Lénk
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Déi Lénk ass den Numm vun enger politescher Gruppéierung déi den 30. Januar 1999 gegrënnt gouf. Ideologesch definéiert se sech selwer als "lénks vun der Sozialdemokratie".
D'Grënnungsmemberen hunn ënnert anerem aus der Kommunistescher Partei (KPL), der Neier Lénk, der Revolutionär Sozialistescher Partei (RSP), der Sozialistischer Jugend (JSL), der Sozialistescher Aarbechterpartei (LSAP) a verschiddene Gewerkschafte gestaamt. Woubei d'Memberschaft ëmmer individueler Natur war, domatt och keng Partei als solch der Lénker bäitriede konnt.
Bei de Chamberwalen, den 13. Juni 1999 huet Déi Lénk ee Sëtz an der Chamber kritt, a bei de Gemengewalen, den 10. Oktober vum selwechte Joer, 2 Sëtzer am Escher an een am Staadter Gemengerot. Bei enger Neiwal zu Esch, den 30. Abrëll 2000 huet de Spëtzekandidat vun Déi Lénk, den André Hoffmann, déi meeschte Stëmme vun alle Kandidate kritt. Zu Esch waren se bis am Oktober 2005 mat der LSAP am Schäfferot.
Virun de Chamberwalen am Juni 2004 huet d'KPL nees mat enger eegener Lëscht kandidéiert. Wëdder si nach Déi Lénk hu genuch Stëmme fir e Sëtz kritt.
Zënter dem Juli 2003 gëtt Déi Lénk d'Zeitung goosch.lu eraus.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- André an d'dissident Stëmmen (Documentaire iwwert den André Hoffmann)