Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Robert Schuman - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Robert Schuman

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Robert Schuman bei der Iwwerreechung vum Karlspreis 1958
Vergréisseren
Robert Schuman bei der Iwwerreechung vum Karlspreis 1958

De Robert Schuman (* 29. Juni 1886 a Clausen (Stad Lëtzebuerg) - † 4. September 1963 zu Scy-Chazelles bei Metz) wor e franséische Politiker.

Als franséischen Ausseminister huet de Schuman d'Grënnung vun der CECA, der éischter Europäescher Communautéit, an d'Weeër geleet (kuckt: Schuman-Declaratioun). Spéider war de Schuman President vum Europäesche Parlament. Hee gëllt, mam Jean Monnet, als ee vun de Grënnungspäpp vun der Europäescher Unioun.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Liewenslaf

Den 29. Juni 1886 kënnt a Clausen (Stad Lëtzebuerg) de Jean-Baptiste Nicolas Robert Schuman, Jong vum Jean-Pierre Schuman, engem Loutrenger, a senger Fra Eugenie, enger Lëtzebuergerin, op d'Welt.

Vun 1896 - 1903 wor hie Schüler am groussherzoglechen Athenäum an der Stad Lëtzebuerg; seng Première mécht en um "kaiserlichen Gymnasium" zu Metz (dat deemools däitsch war).

1904 fänkt en un ze studéieren op der Uni Bonn, an deene nächste Joeren studéiert hien Droit zu München, Berlin a Stroossbuerg. 1908 mecht hien den éischte Staatsexamen an e Stage (Referendariat) zu Metz. 1910 errecht hien d'Promotioun zum Dokter jur. "summa cum laude".

1911 stierft seng Mamm an de Schuman spillt mam Gedanken, Paschtouer ze ginn. Mee et kënnt ganz anescht. 1912 mécht hien den zweete Staatsexamen a gëtt Affekot zu Metz.

1913 ass de Schumann President vun der Organisatioun vum Däitsche Katholikekongress zu Metz.

1914 - 1918 schafft en zu Boulay an der Sous-préfecture a gëtt 1918 Member vum Metzer Gemengerot.

Nodeems d'Elsass a Loutrengen 1919 erëm franséisch goufen, kritt en d'franséisch Nationalitéit an hien ass vu 1919 bis 1940 (wou e verhaft gouf) Deputéierten fier d'Union Republicaine Lorraine an der Assemblée Nationale, dem franséische Parlament.

1928 - 1936 ass de Schumann President vun der parlamentarescher Commissioun 'Alsace-Lorraine', zäitweileg och Vizepresident vun der Assemblée Nationale.

1940 - 1942 sëtzt hien zu Metz an zu Neustadt an der Weinstraße am Prisong mee ka vun do fortlafen.

Nom Krich 1945 ass hien op e Neits Deputéierten am franséische Parlament, als President vun der Finanzcommissioun.

1946 gëtt de Schuman Finanzminister a vun 1947 - 1948 Ministerpresident vu Frankräich.

Vun 1948 - 1952 ass de Schumann Aussenminister an aacht Regierungen, déi ni laang gehalen hunn.

De 9. Mee 1950 kënnt et zur historescher Declaratioun fir Europa nei opzebauen, andeems mat der CECA sollt ugefaang ginn. D'Zil wier eng Federatioun vun Europa. Den 18. Abrëll gëtt de CECAs-Traité zu Präis ënnerschriwwen.

1952 ass d'Europäesch Communautéit fier Stol a Kuel Wierklechkeet mee seng Virstellungen iwwert eng Europäesche Communautéit gi villen a Frankräich ze wäit, hie muss säin Amt néierleeen.

1953 gëtt d'Stroossbuerger Conventioun fier Mënscherechter a biergerlech Grondfräiheeten, déi vum Schuman moossgeblech mat ausgeschafft gouf, vu 26 europäesche Staten ënnerschriwwen.

1955 ass de Schumann Justizminister.

Vun 1953 - 1958 hält hien onzieleg Virtreeg a ganz Europa, fir Ënnerstëtzung vu senger Iddi vun engem geeenten Europa ze fannen.

Vun 1958 - 1960 gëtt de Schuman zum President vum Europäesche Parlament gewielt; d'Unhuele vun de Traitéë vu Roum vu 1957 féieren Europa op dee Wee zeréck, deen de Papp vun Europa schonns a senger Declaratioun vum 9. Mee 1950 ageschloen hat.

1958 kritt hien de Karlspräis vun der Stad Oochen a 1959 den Erasmus-Kulturpräis zesumme mam Karl Jaspers.

De Robert Schuman stierft zu Scy-Chazelles de 4. September 1963.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com