Regierung Juncker-Asselborn
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Regierung Juncker-Asselborn, eng Kolatiounsregierung aus CSV an LSAP, ass aus de Chamberwale vum 13. Juni 2004 ervirgaang. Si ass den 31. Juli 2004 vereedegt ginn a besteet aus 13 Ministeren, engem Ministre délégué an enger Staatssekretärin.
[Änneren] Zesummesetzung
- Jean-Claude Juncker (CSV): Premierminister; Staatsminister; Finanzminister
- Jean Asselborn (LSAP): Vizepremierminister; Ausseminister a Minister fir Immigratioun
- Fernand Boden (CSV): Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Ëntwécklung; Minister fir de Mëttelstand, Tourismus a Wunnengsbau
- Marie-Josée Jacobs (CSV): Ministesch fir Famill an Integratioun; Ministesch fir Chancëgläichheet
- Mady Delvaux-Stehres (LSAP): Erzéiungs- a Bildungsministesch.
- Luc Frieden (CSV): Justizminister; Budgetsminister
- François Biltgen (CSV): Aarbechtsminister; Minister fir Kultur, Héichschoulen a Fuerschung: Minister fir de Kultus
- Jeannot Krecké (LSAP): Minister fir Wirtschaft an Aussenhandel; Sportsminister
- Mars Di Bartolomeo (LSAP): Minister fir Gesondheet a Sozialversécherung
- Lucien Lux (LSAP): Ëmweltminister; Transportminister
- Jean-Marie Halsdorf (CSV): Inneminister a Minister fir Landesplanung
- Claude Wiseler (CSV): Minister fir Ëffentlech Verwaltung a Verwaltungsreform; Minister fir Ëffentlech Aarbechten
- Jean-Louis Schiltz (CSV): Minister fir Zesummenaarbecht an Humanitär Hëllef; Minister fir Kommunikatioun; Verdeedegungsminister
- Nicolas Schmit (LSAP): Delegéierte Minister fir Aussebezéiungen an Immigratioun
- Octavie Modert (CSV): Staatsekretärin fir d'Relatioune mam Parlament; Staatssekretärin fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Ëntwécklung; Staatsekretärin fir Kultur, Héichschoulen a Fuerschung
[Änneren] Kuckt och
Lëtzebuerger Regierunge vun 1848 bis haut
de la Fontaine | Willmar | Simons | de Tornaco | Servais | de Blochausen | Thilges | Eyschen | Mongenast | Loutsch | Thorn | Kauffman | Reuter | Prüm | Bech | Dupong-Krier | Exilregierung | vun der Befreiung | National Unioun | Dupong-Schaus | Dupong-Schaus-Bodson | Bech-Bodson | Frieden | Werner-Schaus I | Werner-Cravatte | Werner-Schaus II | Thorn-Vouel-Berg | Werner-Thorn-Flesch | Santer-Poos I | Santer-Poos II | Santer-Poos III | Juncker-Poos | Juncker-Polfer | Juncker-Asselborn