Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
José Manuel Barroso - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

José Manuel Barroso

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

José Manuel Durão Barroso
Vergréisseren
José Manuel Durão Barroso

De José Manuel Durão Barroso (* 23. Mäerz 1956 zu Lissabon) ass e portugisesche Politiker an abléckleche President vun der Europäescher Commissioun.

De Barroso huet Droit a Politologie zu Lissabon, Florenz an New York studéiert a seng Studien op der Uni zu Genève an Economie a Soziologie ofgeschloss.

Hie gouf Assistenzprofesser op der Uni Lissabon, wou en sech an Internationaler Politik spezialiséiert huet. Seng Doktoratsstudien hun en op d'Uni Genève an op d'Georgetown University vu Washington DC gefouert. E koum op Lissabon zeréck a gouf 1980 Direkter vum Departement fir international Relatiounen op der Lusíada-Universitéit zu Porto.

Seng politesch Carrière huet schonns an sénger Studienzäit ugefaangen, nach virun der Oeilletsrevolutioun vum 25. Abrëll 1974. Hie war ee vun de Parteileaderë vun der Partido comunista dos trabalhadores portugeses - Movimento Revolucionário do Proletariado Português, enger éischter philosophesch orientéierter maoistischer Lénkspartei. Geschwënn awer huet hien dës hannert sech gelooss an ass am Dezember 1980 der Partido Social Democrata bäigetrueden, enger Partei, déi trotz hierem Numm éischter zum biergerleche Lager zielt (am Europäesche Parlament gehéiert se zu der Fraktioun vun der Europäescher Vollékspartei), an deer e bis haut trei bliwwen ass.

An senger politescher Carrière hat hie folgend Functiounen:

  • vun 1985 bis 1987 Ënnerstaatssekretär am Innenministère;
  • vun 1987 bis 1992 Staatssecretaire fier Aussebezéiungen an international Zesummenaarbecht;
  • vun 1992 bis 1995 Portugiseschen Ausseminister.

An deser Fonctioun huet hien 1990 d'Friddensofkommes am angolanesche Biergerkrich mat ausgeschafft an sech fir d'Onofhängegkeet vun Osttimor agesat.

1995 huet d'PSD d'Wahle verluer, an de Barroso hat kee Succès mat sengem Versuch, Parteichef ze ginn. Dëst ass him eréischt 1999, no laangem parteiinterne Gestreids, gelongen, wat vill him net zougetraut hätten.

2002 huet seng Partei nees d'Wahle (knapps) gewonnen, an de Barroso ass de 6. Abrëll Ministerpresident vu Portugal ginn.

Seng Politik war a Portugal dacks controverséiert, z.B. séng Ënnerstëtzung vun der Invasioun vum Irak am Fréijoer 2003, d'Privatiséierung vu Staatsenterprisen, a staark Aschnëtter bei den ëffentlechen Dépensën. De Barroso huet des Mesuren justifiéiert mat der schlechter economescher Situatioun, dem Budgetsdefizit, deen d'SP-Viergängerregierung hannerlooss hat, an och de Contrainten, fier den Euro-Stabilitéitstspakt anzehalen. Bei de Wahle fir d'Europaparlament am Juni 2004 huet seng Partei dann och manner gutt ofgeschnidden.

Den 29. Juni 2004 ass de Barroso als Premierminister zeréckgetrueden, nodeems d'Staats- a Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun hien als Nofolger vum Romano Prodi fir d'Amt vum President vun der Europäescher Commissioun designéiert hunn. Den 22. Juli gouf en doranner vum Europäesche Parlament confirméiert. No dräi Ëmbesetzunge vun designéierte Commissiounsmemberen, wéinst deenen et net sécher war, ob d'Parlament dem Barroso séng Equipe giff approuvéieren, huet dës schliisslech den 18. November 2004 vum Parlament d'Vertraue votéiert kritt. Se huet den 22. November hiert Amt offiziell ugetrueden.

De José Manuel Barroso ass bestued an huet dräi Kanner.

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com