Étienne Lenoir
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean Joseph Étienne Lenoir (* 12. Januar 1822 zu Mussy-la-Ville, deemools Lëtzebuerg, haut belsch Provënz Lëtzebuerg; † 7. August 1900 zu La Varenne bei Paräis, war en Erfinder (80 Patenter) a Geschäftsmann.
Den Étienne Lenoir huet 1860 den éischte brauchbare Gasmotor gebaut, 1863 dat éischte Gefir op der Strooss, dat domatter ugedriwwe gouf an 1866 e Motorboot, dat mat Gas bedriwwe gouf. Mat sengem Gasmotorwon huet hien den 9 km laangen Trajet vu Paräis op Joinville-le-Pont an ongeféier 3 Stonnen zeréckgeluecht. An der ganzer europäuescher Press gouf iwwert dem Lenoir säi Gasmotorwon geschriwwen. De russeschen Zar Alexander II. war esou dervun impressionnéiert, datt en em een ofkaf huet.
Den Nikolaus Otto huet sech bei der Entwécklung vum Ottomotor um Lenoir sengem Gasmotor orientéiert.
Den Étienne Lenoir gouf Chevalier de la Légion d’Honneur a krut d'franséisch Nationalitéit.