Édouard Thilges
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jules Georges Édouard Thilges (* 17. Februar 1817 zu Klierf, † 9. Juli 1904 an der Stad Lëtzebuerg) war e lëtzebuergesche Politiker.
Vun 1833 bis 1838 huet den Édouard Thilges zu Bréissel a Léck Droit studéiert a gouf 1841 Affekot um Geriicht zu Dikrech.
Vun 1854 bis 1856 war hie Generaldirekter (Minister) fir Gemengenaffairen a vun 1859 bis 1860 fir den Intérieur an der Regierung Simons. Vun 1867 bis 1870 war en nees Generaldirekter fir Gemengenaffairen, dës Kéier ënnert an der Regierung Servais.
Den 20. Februar 1885 gouf hien zum Staatsminister a Regierungspresident ernannt (bis 22. September 1888).
1888-1895 war den Édouard Thilges President vum Staatsrot. Hien ass 1904 an der Stad gestuerwen.