Staatsrot (Lëtzebuerg)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Staatsrot ass e consultativt Organ am Lëtzebuerger politesche System.
E setzt sech zesummen aus 21 Memberen, déi formell vum Groussherzog ernannt an entlooss ginn, an dat op d'Propose hi vun (een nom aneren) der Regierung, der Chamber an dem Staatsrot selwer.
De Staatsrot erfëllt ze soen d'Roll vun enger zweeter Chamber, ouni awer esou eng ze sinn. Hien huet just d'Fonctioun fir säin Avis ze ginn: Hie muss iwwer all Gesetzesvirschlag oder –projet consultéiert ginn, ier d'Chamber doriwwer of ka stëmmen. Dobäi muss en iwwerpréiwen, ob d'Virschléi an d'Propositiounen a Conformitéit mat der Constitutioun sinn, international Conventiounen, dorënner och d'EU-Recht respektéieren an och soss näischt Onrechtméisseges dra steet.
Och groussherzoglech Reglementer (also Beschlëss vun der Regierung) kënnen dem Staatstrot virgeluecht ginn. Schliisslech décidéiert de Staatsrot, ob d'Chamber eng zweete Kéier muss ofstëmmen (de sougenannte Vote constitutionnel). Dëst ass eng Zort suspensive Veto, d.h. am Endeffekt kann d'Chamber sech driwwer ewechsetzen.
Bis 1994 war de Staatsrot och nach eppes ewéi en iewescht Geriicht, mee en Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter an der Affär Procola huet festgestallt, datt dëst net mat den demokratesche Prinzipie vun der Gewaltendeelung kompatibel wier.
Am Abrëll 2005 huet d'Regierung e Gesetzentworf virgeluecht, dee virgesäit, d'Zuel vun de Membere vun 21 op 27 ze héijen.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Presidenten vum Staatsrot
- Gaspard Théodore Ignace de la Fontaine, 28.11.1857-10.04.1868
- Charles-Mathias Simons,05.01.1869-05.01.1870
- François-Xavier Wurth-Paquet, 16.02.1870-16.02.1871
- Vendelin Jurion, 15.03.1871-15.03.1872
- Édouard Thilges, 25.07.1872-29.07.1874
- Emmanuel Servais, 27.12.1874-08.11.1887
- Henri Vannerus, 15.02.1888-15.02.1889
- Edouard Thilges, 15.02.1889-23.05.1895
- Henri Vannerus, 23.05.1895-28.12.1914
- Victor Thorn, 28.12.1914-03.03.1915
- Victor Thorn, 06.11.1915-24.02.1916
- Mathias Mongenast, 01.04.1916-19.06.1917
- Victor Thorn, 19.06.1917-15.09.1930
- Joseph Steichen, 27.02.1931-20.02.1932
- Ernest Hamelius, 10.06.1932-16.11.1945
- Léon Kauffmann, 14.12.1945-14.02.1952
- Félix Welter, 14.02.1952-30.06.1969
- Maurice Sevenig, 01.07.1969-26.06.1975
- Emile Raus, 26.06.1975-25.06.1976
- Albert Goldmann, 26.06.1976-04.12.1976
- Ferdinand Wirtgen, 20.12.1976-30.09.1978
- Roger Maul, 01.10.1978-16.09.1979
- Alex Bonn, 21.09.1979-18.06.1980
- François Goerens, 20.06.1980-02.08.1987
- Ernest Arendt, 06.08.1987-06.08.1988
- Georges Thorn, 06.08.1988-30.10.1991
- Jean Dupong, 01.11.1991-18.05.1994
- Paul Beghin, 19.05.1994-31.12.1999
- Raymond Kirsch,14.01.2000-13.01.2001
- Marcel Sauber, 15.01.2001-11.03.2003
- Pierre Mores, 29.04.2003-