Äisch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Äisch | |
Statut | {{{14}}} |
Längt | 49 km |
Héicht vun der Quell | 355 m |
Duerchschnëttsdebit | m³/s |
Fläch vum Baseng | km² |
Leeft duerch | Belsch a Lëtzebuerg |
Mündung | Uelzecht |
Breet vun der Mündung | |
Floss - Hydrologie |
D'Äisch ass eng belsch-lëtzebuergesch Baach, déi hir Quell zu Séilen an der Belsch no un der lëtzebuergescher Grenz huet. No ongeféier 1800 m an der Belsch leeft se hanner Kënzeg mat der Millebaach zesummen, tëschent de Grenzmaarken LB 057 an LB 058. Vun hei un huet se hieren offiziellen Numm a si mécht d'Grenz bis bei d'Maark LB 061, wou se ganz op lëtzebuergeschem Terrain weiderleeft. E puer honnet Meter viru Grass leeft lenks d'Grendelbaach dran. Si leeft da weider laanscht Koler, hei get se riets vun der Eiselbach gefiddert, éier se an d'Stengeforter Gemeng kënnt. Bei Hoen leeft lenks d'Kolerbaach dran, si dréint no Westen fir bei der Grenzmaark LB 082 erëm op déi belsch-lëtzebuergesch Grenz ze stoussen, vu wou un se erëm d'Grenz mecht bis bei d'Maark LB 086. Si leeft duerno duerch Äischen, Hei kritt se op der lenkser Säit d'Bech an d'Millebaach bei. Bei der Kempemillen just virun Habscht kënnt vu lenks d'Haarderbaach derbäi. Hanner Habscht get den Dall méi enk a si leeft weider a Richtung Simmer. Tëschent Simmer a Rued leeft nach lenks Leesbech dran, zu Rued selwer ass et lenks d'Mëlleschbaach, gläich duerno d'Dondelerbaach (riets) zu Aansebuerg ass et d'Holertsbaach déi lenks draleeft a bei Huelmes d'Kalbaach (lenks). Da leeft se weider no Nord-Osten op Miersch do kënnt nach lenks d'Réckenerbaach dran an hanner Miersch leeft si selwer an d'Uelzecht. Den Héichtenënnerscheed vun der Quell bis op d'Mündung ass 160 m.
[Änneren] Uertschaften un der Äisch
- Grass,
- Koler,
- Hoen,
- Stengefort,
- Äischen,
- Habscht,
- Simmer,
- Rued,
- Bur,
- Aansebuerg,
- Mariendall,
- Recken,
[Änneren] Millen un der Äisch
- Kempemillen tëscht Habscht an Äischen
[Änneren] Schmelzen am Äischdall
- Simmerschmelz
- Aansebuerger Schmelz
- Kalebaacher Schmelz