Wässeg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Wässeg ass déi wässereg, gréngelzech-gielzeg Flëssegkeet, déi bei der Fabrikatioun vu Kéis entsteet.
94 % vum Wässeg si Waasser, 4 bis 5 % si Mëllechzocker. De Rescht verdeelt sech op:
- Mëllechsaier
- Vitamin B1
- Vitamin B2, vun deem en déi gréngelzech Faarf huet
- Vitamin B6
- Kalzium
- Phosphor
- Kalium
- 0,6 bis 1 % Wässegprotein
Dee spezielle Goût vum Rivella, engem Schwäizer liicht spruddelechen Erfrëschungsgedrénks, kënnt vun den 35 % Wässeg, déi dra sinn.
Dee gréissten Deel vum Wässeg gëtt hautesdaags an der Schwéngsziichtereie verschafft.