Victor de Tornaco
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Baron Victor de Tornaco (* 7. Juli 1805 um Schlass vu Stierpenech, † 26. September 1875 um Schlass vu Voort (Belsch Provënz Limburg), war e lëtzebuergesche Politiker.
De Victor de Tornaco huet zu Paräis op der Ecole polytechnique seng Studie gemaach. An de Joren no der Belscher Revolutioun huet hien zum Wëllem I. gehalen. Vun 1841 bis 1848 war hie Member vun der Assemblée des États, vun 1848 bis 1856 vun der Chamber, a vun 1857 bis 1860 vun der nees agefouerter Assemblée des États.
De 26. September 1860 ass hien, nom Récktrëtt vum Charles-Mathias Simons, Staatsminister, Regierungspresident a Generoldirekter (d.h. Minister) fir Aussebezéiungen a bis 1864 och fir den ëffentlechen Transport ginn.
Den 3. Dezember 1867 kënnt et zu engem majoritäre Vote géint d'Regierung de Tornaco, deeër d'Oppositioun virgeworf hat, bei de Verhandlungen zu London eng ze vill passiv Haltung ageholl ze hunn. Den Emmanuel Servais gëtt als säin Nofolger bestëmmt.
De Victor de Tornaco ass 1875 an der Belsch verscheet.