Verve Records
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Verve Records war en US-amerikaneschen Jazz-Plackelabel.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] D'Geschicht vu Verve Records
Nach am Zweete Weltkrich huet den Norman Granz ugefaangen, Jamsessions z'organiséieren ënner dem Begrëff Jazz at the Philharmonic. Matschnëtter dovun huet hien eng kuerz Zäit op Mercury Records erausginn. 1951 huet de Granz zwou eege Labele gegrënnt, Clef Records an Norman Records, déi 1957 zesummegeschloe gi sinn an vun do u Verve Records geheescht hunn.
Schonns 1950 hat de Granz en Exklusivvertrag mam Charlie Parker. Dëst huet him et erlaabt, no an no Verve zu engem vun deene beschten Jazz-Katalogen opzebauen.
1961 gouf Verve fir 3 Milliounen US-Dollar un MGM verkaaft a gouf esou Deel vum Polygram-Konzern. Wéi Polygram vun Universal Music iwwerholl ginn ass, goufen all Universal Jazz Labelen op Verve iwwerdroen.
[Änneren] Kënschtler, déi vu Verve publizéiert goufen
[Änneren] Instrumentalisten
- Count Basie
- Kenny Burrell
- Benny Carter
- Roy Eldridge
- Duke Ellington
- Stan Getz
- Dizzy Gillespie
- Lionel Hampton
- Coleman Hawkins
- Johnny Hodges
- Illinois Jacquet
- Gene Krupa
- Gerry Mulligan
- Kid Ory
- Charlie Parker
- Oscar Peterson
- Bud Powell
- Buddy Rich
- Jimmy Smith
- Art Tatum
- Ben Webster
- Teddy Wilson
- Lester Young
[Änneren] Vokalisten
- Ella Fitzgerald
- Astrud Gilberto
- Billie Holiday
- Sally Kellerman
- Diana Krall
- Anita O'Day
- Nina Simone
- Mel Tormé
[Änneren] Literatur zum Thema
- Ruppli, M. / Bob Porter: The Clef/Verve-Labels, Westport, Connecticut, 1983