Stan Getz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Stanley Gayetzsky, besser bekannt als Stan Getz, gebuer den 2. Februar 1927 zu Philadelphia, USA, a gestuerwen de 6. Juni 1991 zu Malibu, USA) war en US-amerikanischen Jazz-Tenorsaxophonist.
Joerzéngte laang huet de Getz a ville Big Bands gespillt, dorënner déi vum Jack Teagarden, Stan Kenton, Jimmy Dorsey a vum Woody Herman.
Weltbekannt gouf de Getz duerch seng populär Bossa Nova-Disquen, wéi Desafinado zusumme mam Gittarist Charlie Byrd. Säi gréissten Erfolleg hat de Getz mat The Girl fom Ipanema vum Antonio Carlos Jobim, e Lidd, dat de Creed Taylor am Mäerz 1963 zu New York produzéiert huet.
No senger Latin-Jazz-Phas huet de Getz sech nees méi dem Jazz zougedréit.
De Stan Getz ass 1991 gestuerwen, hie war 64 Joer al ginn.
[Änneren] Wierker
- The Girl from Ipanema (Garote de Ipanema) (geschriwwe vum Antonio Carlos Jobim, Vinicius de Moraes a Norman Gimbel).
- Stan Getz, Tenorsaxophon
- João Gilberto, Gittar a Gesank
- Antonio Carlos Jobim, Piano
- Tommy Williams, Bass
- Milton Banana, Perkussioun
- an der faméiser Stëmm vun der Astrud Gilberto, Gesank