Schengener Ofkommes
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Schengener Ofkommes (och bekannt als Accordë vu Schengen) ass en Ofkommes, dat de 14. Juni 1985 vu fënnef EU-Memberstaaten (Belsch, Däitschland, Frankräich, Holland a Lëtzebuerg), um Schëff Marie-Astrid, dat op der Musel am Dräilännereck viru Schengen louch, ënnerschriwwe gouf.
D'Zil war, Grenzkontrolle fir Wueren a Persounen tëschent de Schengen-Staaten ofzeschafen an d'Kontrolle vun de baussenzeche Grenzen ze stäerken an ze harmoniséieren. D'Schengener Ofkommes gouf am Ufank baussent de Strukture vun der EU geschafen, well net all EU-Staate bereet waren, matzemaachen.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Memberschaft an Ëmsetzung
Den 19. Juni 1990 hunn Däitschland, Frankräich an d'Benelux-Länner e weidert Dokument ënnerschriwwen, déi sougenannte Schengener Conventioun, déi déi 'technesch' Detailer regelt.
Zu dëse Länner sinn no an no nach anerer dobäikomm:
- de 27. November 1990 Italien;
- de 25. Juni 1992 Spuenien a Portugal;
- de 6. November 1992 Griicheland;
- den 28. Abrëll 1995 Éisträich;
- den 19. Dezember1996 Dänemark, Schweden, Finnland, Norwegen an Island;
- den 1. Mee 2004 Zypern, d'Tschechesch Republik, Estland, Ungarn, Lettland, Litauen, Malta, Polen, Slowakei, Slowenien (nach net a Kraaft).
Duerch e Protokoll am Traité vun Amsterdam gouf d'Schengener Ofkommes an den 'Acquis' vun der Europäescher Unioun iwwerholl, an dofir sinn déi zéng Länner, déi am Mee 2004 bäigetruede sinn, automatesch Memberen. Groussbritannien (an dowéinst och Irland) maachen awer bis op weideres net mat. De 16. Oktober 2004 huet d'Net-EU-Land Schwäiz ënnerschriwwen, dem Schengen-Raum bäizetrieden. An engem Referendum huet d'Schwäizer Vollek de 5. Juni 2005 dozou seng Zoustëmmung ginn.
Déi praktesch Ëmsetzung geschouch no an no, mat siwe Länner am Juni 1995 (déi fënnef éischt plus Spuenien a Portugal). 1997 koumen Éisträich an Italien no. A Griicheland sollt d'Conventioun zwar vun 1997 u gëllen, praktesch war dat awer eréischt vun 2000 un de Fall. Déi Skandinavesch Länner, déi virdrun och schonn eng Struktur ënnerteneen haten, déi bal d'selwecht war, hunn d'Schengener Ofkommes de 25. Mäerz 2001 ëmgesat.
Déi zéng nei Memberstaate wäerten dat fréiestens 2006 maache kënnen. Mee et ass dann och nach keng Musse-Saach: all Land wäert dat onofhängeg vun deenen anere maachen, just wann et prett ass.
[Änneren] Wat steet dran?
De Prinzip vum Schengener Ofkommes ass d'ongehënnert Zirkulatioun vu Persounen a Wueren tëschent de Memberstaaten, ouni op der Grenz kontrolléiert ze ginn. Dat heescht am Géigenzuch, datt d'Schenge-Staaten hir baussenzeg Kontrolle coordinéieren.
D'Schengener Ofkommes gesäit och fir, datt Informatiounen iwwert Leit, déi sech net (méi) an engem Schengen-Land ophalen däerfen, oder vun der Police gesicht ginn, mat deenen anere Schengen-Länner gedeelt ginn, an dat mat Hëllef vum sougenannte Schengener Informatiounssystem (SIS).