Traité vu Prüm
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Traité vu Prüm ass en Traité, deen d'Zësummenaarbecht tëschent de Policë vu Lëtzebuerg, der Belsch, vun Holland, Däitschland, Frankräich, Éisträich a Spuenien verstäerke soll. E gouf de 27. Mee 2005 zu Prüm vun de Justizministere vun deene Länner ënnerschriwwen.
Den Traité soll virun allem d'Zesummenaarbecht iwwer d'Grenzen ewech bei der Bekämpfung vum Terrorismus, der Kriminalitéit an der illegaler Migratioun verstäerken a verdéiwen. Sou kréien d'Policën aus deene Länner, déi den Traité ënnerschriwwen hunn, d'Méiglechkeet, direkten Zougank op d'DNA- a Fangerofdrocksdateie vun deenen anere Länner ze kréien. Och d'Dateie vun den Autos-Immatrikulatioune falen dorënner.
Weiderhin kënnen Informatiounen iwwer Leit, déi z.B. bei politesche Manifestatiounen oder Fussballmatcher duerch Gewaltdoten opgefall waren, präventiv ausgetosch ginn.
Fir illegal Migratioun besser ze bekämpfen, ass virgesinn, sech Spezialisten iwwer Dokumenter auszetauschen a sech bei Réckféierungen géigensäiteg ze hëllefen.
Och d'direkt Zesummenaarbecht um Terrain, z.B. Patrouillë vu Polizisten aus 2 Länner oder d'géigesäiteg Hëllef bei Groussevenementer oder Katastrophen soll konkretiséiert ginn.