Séisswaasser
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Séisswaasser ass am Géigesaz zu Salzwaasser a Brackwaasser deen Deel vum Waasser, dee fräi verfügbar ass (also net z.B. a Planzen gebonnen ass) an an deem keen oder nemmen wéineg Kachsalz geléist ass.
Kachsalzaarmt Waasser (Salinitéit vun ënner 0,1 %) gett onofhängeg vum Aggregatzoustand als Séisswaasser bezeechent: Och Äis ass Séisswaasser, et ass esouguer de gréissten Deel vum Séisswaasser op der Äerd. Déi gréisste Séisswaasservirkommen op der Erde sinn, zu Äis gefruer, an den Gletscheren vun den zwou Polarregiounen. Donieft gëtt et natierlech och Séisswaasser a Form vun Baachen, Flëss, a Séien op der Äerd, sowéi - erëm an Äisform - an de Gletscheren a schnéibedeckten Héichte vun de Bierger. Och Wolleken a Reen ass Séisswaasser. Den Deel vum Séisswaasser um Waasservirkommen op der Äerd läit bei 2,6-3%.
An der Séifahrt gouf dat gebunkert Séisswaasser Frëschwasser genannt.