Rudolf Diesel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Rudolf Christian Karl Diesel (* 18. Mäerz 1858 zu Paräis; † 29. September 1913 erdronk am Äermelkanal) war en däitschen Ingenieur an Erfinder.
1893 gëtt an der Maschinnefabrik Augsburg mat finanzieller Bedeelegung vun der Firma Friedrich Krupp un der Entwécklung vun engem Dieselmotor geschafft. 1897 geléngt et dem Rudolf Diesel, deen deemools och bäi der Firma MAN AG zu Augsburg geschafft huet, deen éischte Modell vun deem Motor ze bauen, deen och ouni gréisser Problemer leeft.
Iwwer den Doud vum Rudolf Diesel ass net vill bekannt. En as vir d'Lescht u Bord vum Dampschëff Dresden gesi ginn, mat deem e vun Antwerpen op London fuere wollt fir do un enger Reunioun vun der Consolidated Diesel Manufacturing Ltd. deelzehuelen. En ass awer ni do ukomm. Spéider solle Fëscher zwee Réng bäi enger gutt gekleeter Waasserläich fonnt hunn, déi allerdéngs wéinst engem Stuerm ne konnt gebuerge ginn. Et gëtt gesot, datt dei Réng dem Rudolf Diesel gehéiert hunn. Déi genee Doudesëmstänn konnten ni gekläert ginn.