Rollespill (Spill)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
An engem Rollespill iwwerhuelen d'Spiller d'Roll vu fiktive Charakteren, déi an enger meeschtens fiktiver Welt an Ëmgéigend agéieren.
Hëllefsmëttel fir d'Rollespiller sinn dobäi hier eege Fantasie sowéi e Reegelwierk, dat d'Rahmebedingunge schaaft. Bäi spontane Rollespiller, wéi bei Räiber a Gendarm-Kannerspiller sinn dës Reegele meeschtens implizéiert, zum Beispill duerch "Ofschloen vum Géigner", wou et se awer bei reglementéierte Rollespiller a Form vun engem Handbuch oder ähnlechem ginn.
Am grousse Ganze loosse sech d'Rollespillaarte an zwou Kategorien ënnerdeelen: Rollespiller mat klore Regelen a spontan Rollespiller. Et existéieren ausserdeem eng ganz Rëtsch vun ënnerschiddleche Spillgenren:
- Science Fiction (Star Trek, Star Wars, Cyberpunk...)
- Fantasy (Herr der Ringe, Das schwarze Auge, Dungeons and Dragons...)
- Mëttelalter
- Wild West
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Rollespiller mat klore Regelen
Bei reglementéierte Rollespiller ënnerscheet een nees tëschent verschiddene Varianten: LARP-Rollespill, Chat-Rollespill, eMail- & Forumrollespill, Pen & Paper-Rollespill...
[Änneren] LARP-Rollespill
LARP steet fir Live Action Role Playing oder och Large Area Role Playing. Live-Rollespiller ass u sech eng Aart Improvisatiounstheater. D'Spiller treffe sech zu engem festgelueten Zäitpunkt, meeschten hirer Charakterfigur entspriechend verkleet. Gespillt gëtt entweder an der fräier Natur oder an enger Ëmgéigend, déi aus Kulisse besteet (Buergen, Raumschëffbrécken etc.). Et gëtt siele no engem Dréibuch gespillt, a wann, dann ass just eng bestëmmte Richtung virginn, an déi sech dat ganzt Spill entwéckele soll. Sou enstinn ëmmer nei Szenarien, déi een net virausgesin kann.
LARP-Rollespiller gi meeschtens a gréissere Gruppen oder Veräiner ausgedroen. Et ginn effektiv suguer Waffe wéi Schwerter an Axten aus Latex, mat deenen ee Kampfzeenen nostellen kann, ouni datt d'Spiller sech blesséieren.
[Änneren] Computerrollespill
Hei ënnerscheet een tëschent:
- Chatrollespill
- Forumrollespill
- Emailrollespill
[Änneren] Pen & Paper
An dësem Beräich gëtt et etabléiert Rollespiller wei z.B. Dungeons and Dragons, Das Schwarze Auge, Vampire The Masquerade (neierdéngs Vampire The Requiem), Warhammer Fantasy Roleplay, Legends of the five rings.