Pythia
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Pythia (gr. Πυθία) war d'Priesterin vun Delphi, déi als weiblecht Medium beim Orakel vum Apollo zu Delphi gedéngt huet. Et ware Jongfraen aus Delphi selwer, an de gesellschaftleche Status war am Prinzip net wichteg. D'Funktioun ass an der Zäit vu ville Fraen ausgefouert ginn. D'Pythia soutz op engem Dräifouss op enger Fielsspléck aus däer Damp deen dem Ethylen ähnlech war komm ass; a war doduerch och an Trance. D'Aussoen vun der Pythia ware meeschtens a Versen, dacks schwéier verständlech a konnten op verschidden Aarten ausgeluegt ginn.