Provënz Südholland
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Provënz Südholland | ||
---|---|---|
Basisdaten | ||
Land | Holland | |
Haaptstad | Den Haag | |
Fläch | 3.478,07 km² | |
Awunner | 3.452.323 (01. Januar 2005) | |
Reliounen | Kathoulesch: 17 % Protestantesch: 24 % |
|
ISO 3166-2 | NL - ZH | |
Websäit | Provënz Südholland | |
Laag | ||
[Änneren] Allgemenges
D'Provënz Südholland ass eng vun den zwielef hollännesche Provënzen. Si läit am Weste vum Land an ass di déckst besiedelt , an och déi mat deene meeschten Industrieen.
D’Haaptstaat ass Den Haag
Nopeschprovënze sinn am Norde Nordholland, am Osten Utrecht a Gelderland, am Südoste Nordbrabant, an am Süde Zeeland. Am Weste stéisst se un d’Nordséi.
Wichtech Stied sin Den Haag wou och dë Regierungssëtz ass an den Internationalen Geriichtshaff, a Rotterdam. Leiden, Delft, Dordrecht, Schiedam a Gouda sin historisch Stied .
Am Südoste vu Rotterdam stinn d’Mille vu Kinderdijk, déi zu der UNESCO-Weltierfschaft ziélen.
Flëss a Kanäl sinn ënner anerem d’ Nieuwe Maas, de Nieuwe Waterweg, d’ Oude Maas, den Haringvliet an d’ Hollands Diep.
Am Süde vun der Provënz leien am Rhäindelta vill Inselen, déi duerch Brécken an Däicher matenee verbonne sinn:
- Goeree-Overflakkee
- Tiengemeten
- Voorne-Putten
- Rozenburg
- IJsselmonde
- Hoeksche Waard
- Eiland van Dordrecht
[Änneren] Geschicht
D’Provënz Südholland ass 1840 entstanen duerch Deelung vun der aler Provënz Holland a Süd- an Nordholland.
[Änneren] Gemengen
Südholland huet 92 Gemengen : (Awunner um 31. Dezember 2005)
|
|
Drenthe | Flevoland | Friesland | Gelderland | Groningen | Limburg |
Nordbrabant | Nordholland | Overijssel | Südholland | Utrecht | Zeeland