Paul Dangla
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Léopold - Marie Dangla, genannt Paul Dangla, gebuer de 16. Januar 1878 zu Laroque-Timbaut a gestuerwen zu Magdeburg den 18. Juni 1904 war ee vun de beschte franséische Pistecoureuren.
[Änneren] Jugend
Dem Paul séi Papp war Gendarem mee huet dat Handwierk a puer Joer nom Paul senger Gebuert opginn an ass mat der Famill a seng Heemecht op Le Passage am Lot-et-Garonne zréckgeplënnert, wou hie Bannpréiter gouf. Si hunn do op N° 7 Impasse de la Garonne gewunnt.
[Änneren] Carrière
De Paul Dangla fiert seng éischt Coursë 1899 zu Paräis am Parc des Princes. Hien interesséiert sech fir den Demi-fond a ass gleich vun Ufank un ee vun deene ganz Gudden an deeër Spezialitéit.
De 16. August 1903 klappt hien am Parc des Princes sämtlech Rekorden ugefange mat:
- 30. km an 22’14’’1/5,
- 40. km an 29’23’’4/5,
- 50. km an 36’40’’4/5 (an der hallwer Stonn 40 km 800)
- 60. km an 43’56‘’4/5 (an der Stonn 81 km 108)
- 70. km an 51’17’’1/5
- 80. km an 58’42’’3/5
Hien huet domadder dem Däischte Robi säin ale Stonnerkord gebrach, mee säi sollt och net laang haalen. Den Englänner Tommy Hall huet him säi Rekord kuerz duerno op 84 km 140 eropgeschrauwt (allerdengs hannert engem Hues).
Den Dangla gëtt sech awer net geschloen an den 18. Oktober 1903 fiert hie bei ganz niddregen Temperaturen erëm um Parc des Princes ee neie Rekord vun 84 km 577. (och hannert engem Hues).
Den 18 Juni 1904 zu Magdeburg, hat hien de grousse Pech. Noodeems hien baal all Titelen am Demi-fond gesammelt hat, ass hien esou schlëmm gefall, datt hien u senge schwéiere Verletzungen um Kapp an un de Been mat knapps 26 Jor verscheed ass.
Hie läit um Kierfent vun Dolmayrac begruef.