Nikita Sergejewitsch Chruschtschow
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Nikita Sergejewitsch Chruschtschow (Никита Сергеевич Хрущёв; * 17. Abrëll 1894 zu Kalinowka am Oblast Kursk; † 11. September 1971 zu Moskau) war e sowjetesche Politiker a Regierungschef.
Nom Doud vum Stalin de 5. Mäerz 1953 huet de Chruschtschow säi verbriecheresche Rival a Geheimdéngschtchef Berija ausgeschalt a gouf dunn de 7. September 1953 Éischte Sekretär vum Zentralkomitee vun der KPdSU.
De Chruschtschow wollt fort vum Stalin senger bluddeger Diktatur. A senger "Geheimer Ried" um XX. Parteitag vun der KPdSU 1956 kritiséiert hien de Persounekult ëm de Stalin an déi domadder verbonne Verbriechen ("Entstaliniséirung"). No an no gi vill Affer vun der "Grousser Botz" rehabilitéiert. Zugläch trëtt de wirtschaftlechen Opschwonk vun der Sowjetunioun un éischt Plaz, d'Landwirtschaft gëtt moderniséiert an eng Hellewull nei Wunnenge gebaut ("Chruschtschowkien").
Leider si vill vu senge geplangte grousse Reformen an d'Waasser gefall, well e se net richteg duerchduecht an organiséiert krut. Esou huet e sech z.B. bäi enger Visite an den USA vun den US-amerikanesche Maisfelder impressionéiere gelooss, an dunn huet en och doheem de groussflächege Maisubau forcéiere wëllen - de Mais huet sech awer wéinst de ganz anere klimatesche Bedingunge praktesch niergends an der Sowjetunioun richteg uplanze gelooss. Dee Mësserfolleg huet em de Spëtznumm "Här Mais" (Kukurusnik) abruecht.
An der Aussepolitik ass de Chruschtschow haaptsächlech wéinst sengen exzellente Blufffähegkeete spéitstens no der Kuba-Kris 1962 bekannt.
Dem Chruschtschow seng Riede sinn haut nach bekannt fir hir witzeg Einlagen a seng ironesch Momenter. Dacks huet hien a Riede seng eege Ministeren op d'Schëpp geholl. Seng bekanntesten humoristesch Einlag war, wéi en an enger Ried virun der UNO-Vollversammlung säi Schung ausgedoen huet a mat ëm op d'Riednerpult geschloen huet, fir mei Opmierksamkeet ze kréien.
1964 huet de Chruschtschow wéinst dem Echec vu senger Wirtschaftspolitik an de gestéierte Bezéiunge mat China säint Amt als Staats- und Parteichef verluer. Säin Nofolger gouf de Leonid Breschnew. 1966 goung och nach säi Sëtz am Zentralkomitee vun der KPdSU fleeten an zënterhier huet en ënnert Hausarrest a senger Datscha bäi Moskau liewe missen. Do ass en och den 11. September 1971 am Alter vu 77 Joer un Häerzversoe gestuerwen.