Nico Ries
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Colonel Nico Ries (* 30. Juli 1953 zu Lëtzebuerg) ass zënter dem 25. Januar 2002 Chef d'Etat Major (Kommandant) vun der Lëtzebuerger Arméi. Hien ass bestuet an huet zwee Kanner.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Säi Liewen
Den 3. September 1973 huet hien séng Studien op der Ecole Royale Militaire zu Bréissel ugefaangen, fir se 1977 mat Erfolleg als Offizéier ofzeschléissen.
1978–1994 war hien um Centre d’Instruction Militaire zu Dikrech an huet ënnert anerem d’Fonktiounen vum Pelotons-Chef vun der Infanterie, Kompanie-Kommandant vun der Infanterie, Personal-Offizéier a Vize-Kommandant ausgeübt.
1994 ass hien an den Etat Major vun der Arméi komm, am Ufank war hien Logisteschen Offizéier, dono, zënter dem 28. Juni 1998 Chef d'Etat Major Adjoint.
An dëse Joeren huet de Colonel Nico Ries séng Weiderbildung vervollstännegt an déi heite Formatiounen gemaach:
- 1978-1979: Stage op der Ecole d'Application de l'Infanterie zu Montpellier a Frankräich
- 1982: Cours vum Kompanie-Kommandant op der Ecole d'Infanterie zu Arel an der Belsch
- 1985: Stage op der Ecole d'Etat-Major zu Compiègne a Frankräich
- 1989-1990: Cours op der Ecole supérieure de Guerre interarmées zu Paräis
An de Joeren 1991 an 1997 huet hien un der European Community Monitor Mission an Ex-Jugoslawien deelgeholl.
[Änneren] Décoratiounen
[Änneren] National
- Chevalier avec Couronne dans l’Ordre de Mérite civil et militaire d’Adolphe de Nassau
- Commandeur de l’Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg
- Officier dans l’Ordre de la Couronne de Chêne
- Croix d’Honneur et de Mérite militaire en bronze
- Croix de 25 ans années de service
- Médaille commémorative du Mariage de LLAARR le Grand-Duc héritier et de la Grande-Duchessse héritière
[Änneren] International
- Verdienstkreuz 1.Klasse des Verdienstordens der Bundesrepublik Deutschland
- The Meritorious Service Medal (USA)
- Médaille European Community Monitor Mission