Nic Biever
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Nicolas (Nic) Biever (*22. Mee 1894 zu Diddeleng, +15. Juli 1965) war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
Den Nic Biever war en Aarbechter op Arbed Diddeleng. Am Februar 1919 gouf hie Sekretär vun der Verbandssektioun Diddeleng vum Luxemburger Berg- und Metallindustriearbeiter-Verband (LBMV), an am Februar 1920 zu engem vun den zwéi haaptamtleche Secretairë vum LBMV. Vun 1938 un ass hie President vum Verband.
De 14. Oktober 1924 gëtt hie Member vum Diddelenger Gemengerot an den 1. Mäerz 1925 gëtt hien als Deputéierte vun der LSAP an d'Chamber gewielt. Ausser an de Krichsjoeren 1940-44 an déi Zäit, wou e Minister war, sollt hien dës Ämter bäibehalen.
Vum 3. Juli 1951 bis den 1. Februar 1959, an erëm vum 15. Juli 1964 bis zu sengem Doud, den 15. Juli 1965, war hien Aarbechtsminister.
[Änneren] Literatur zum Thema
Jos Durlet, Nic. Biever, Sein Leben - von der Wiege bis zur Bahre, Esch-sur-Alzette: éditpress 1990. ISBN 2-87964-008-3