Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Logo | Parteizentral |
---|---|
Basisdonnéen | |
Grënnungsdatum: | 1902 |
Präsident: | Alex Bodry |
Vize-Präsidenten: | Yves Cruchten, Liane Kadusch-Roth |
Trésorier: | Jeanne Welter |
Generalsekretär: | Romain Schneider |
Websäit: | www.lsap.lu |
D'Lëtzebuerger Sozialistech Aarbechterpartei (LSAP) ass eng Lëtzebuerger Partei.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
Géint dem Enn vum 19. Joerhonnert sinn di éischt Politiker zu Lëtzebuerg (virun allem am Kanton Esch) opgetrueden, déi sech dem sozialisteschen Ideal verschriwwen haten. 1903 war endlech di Sozialdemokratesch Partei vu Lëtzebuerg offiziell gegrënnt. Déi schlecht Aarbechtsbedingungen vun den Aarbechter, Hongersnout an de Präiswucher am Éischte Weltkrich hunn d'Grënnung vum Bierg- an Hütteverbond accéleréiert a 1917 war den éischte grousse Streik vun der Aarbechterbewegung. D’Allianz mat de Liberalen (Blockregierung) ass zerbrach an aus de Sozialdemokraten goufen d’Sozialisten, déi d'Republik verlaangt hunn an dat allgemengt Walrecht gefuerdert hunn. D'Partei sollt eng weider Spléckung am Joer 1920 matmaachen zu engem Ament wéi d'Kommunistesch Partei entstanen ass.
Déi Sozialistesch Bewegung gouf zur Aarbechter-Partei, déi vu verschiddene Gewerkschaften a Genossenschaften ënnerstëtzt gouf. Bis zum Zweete Weltkrich konnt d'Partei eng sëllechen Succèse feieren: permanent ass se gewues, d’Gewerkschafte goufen unerkannt, Kollekivverträg goufe reglementéiert an d' Maulkuerfgesetz gouf verhënnert.
Bei den éischte Walen nom Krich am Oktober 1945 huet d'Aarbechterpartei missen eng schwéier Nidderlag abéissen. 1947 huet déi an LSAP ëmgedeefte Partei hieren Neesopbau ugefaangen an hier ass de Sprong an d’Regierungskoalitioun gelong (1951-1959 an 1964-1968).
D'Diskussiounen iwwer d'Ausriichtung vun der Partei huet d'LSAP op e Neits gespléckt. 1970 hu 6 Deputéierten d'Partei verlooss an de Gros vun der Parteispëtzt ass ausgetrueden an huet di Sozialdemokratesch Partei gegrënnt. Allerdéngs konnt d’LSAP sech nees 1974 opfänken an huet mat der DP an der Mëtt-Lénks-Koalitioun wichteg sozial Reformen duerchgesat: Reform vun der Justiz (ë.a. d’Humaniséierung vum Stroofvollzuch) d’Aféieren vun enger 5. Woch Congé, d’Verallgemengeerung vun der 40-Stonnewoch, d’Aféieren vum Lounindex, Reform vum Chômage asw. Dëst huet awer d’Nidderlag vun 1979 net kënne verhënneren. Während dëser Legislatur huet d’LSAP hire berühmten Energiekongress ofgehalen an huet de Moratoire un der Atomzentral vu Remerschen décidéiert. Dëst war den definitiven Aus vun dem Projet. 1979 ass och e Neiunfank gemeet ginn an der Partei an huet hier zum grousse Walsuccès 1984 gefouert.
An der Koalitioun mat der CSV (1984-1989) ass et gelongen eng déif Ëmstrukturéierung vun der Stolindustrie ze vollzéien an den RMG gouf agefouert. Dës Koalitioun ass zweemol widderholl ginn bis d'Joer 1999. An dëser laanger Period goufen d'Pensiounskeesen, d'Krankeversécherung an d'Steiere reforméiert grad ewéi d'Maastricht-Ofkommes ënnerschriwwe gouf. D’LSAP ass dunn eng Legislatur (1999-2004) an d'Oppositioun gaang a konnt sech duerch e liicht bessert Resultat bei de Chamberwalen 2004 neess als di zweetstäerkst Partei aus dem Land behaapten.
[Änneren] Parteipresidenten zanter 1945
- 2004 - : Alex Bodry
- 1997 - 2004: Jean Asselborn
- 1985 - 1997: Ben Fayot
- 1980 - 1985: Robert Krieps
- 1974 - 1980: Lydie Schmit
- 1970 - 1974: Antoine Wehenkel
- 1959 - 1970: Henry Cravatte
- 1955 - 1959: Paul Wilwertz
- 1954 - 1955: Émile Ludwig
- 1952 - 1954: Albert Bousser
- 1951 - 1952: Paul Wilwertz
- 1945 - 1951: Michel Rasquin
[Änneren] Literatur
- Fayot, Ben: Sozialismus in Luxemburg. Von den Anfängen bis 1940, erausgi vum C.R.E.S. (Centre de recherches et d'études socialistes), 1979, Lëtzebuerg, 484 Säiten
- Fayot. Ben: Sozialismus in Luxemburg. von 1940 bis zu Beginn der achtziger Jahre, o. J.