Massaker
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ënner Massaker versteet een d'Ëmbrenge vu Mënschen op eng ganz grujeleg Manéier, e Gemetzel oder e Blutbad, aus Haass oder fir sech ze rächen. Am Krich versteet een dorënner d'Ëmbrenge vun enger grousser Zuel vu Mënschen, meeschtens vun Zivilpersounen, ouni militäresch Ursaach , mee ënnert engem pseudo-politeschen oder ethnesche Virwand. Dacks erfollegen dës Massemuerde fir ofzeschrecken oder fir eng ganz Populatioun béissen ze loossen.
Den Ausdrock Massaker gëtt och gebraucht, wann onberechebar Amokleefer oder Terroristen ouni Grond Mënschen a grousser Zuel ëmbrengen oder niddermetzelen.
Am internationale Recht geet och dacks an dësem Zesummenhank vu Völkermord, Krichsverbriechen oder Verbriechen géint d'Mënschheet Rieds.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Massaker – Biller, Videoen oder Audiodateien |