Louis Pasteur
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Louis Pasteur (* 27. Dezember 1822 zu Dôle (Frankräich); † 28. September 1895) war e franséische Wëssenschaftler.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Säi Liewen
De Louis Pasteur ass zu Paräis an d'Schoul gaangen an huet do och Physik studéiert. Am Joer 1846 huet hie seng Prüfung an der Physik bestanen. No senger Promotioun ass hien op Dijon, duerno op Stroossbuerg gaangen. 1863 gouf hie Professer fir Naturwëssenschaften zu Paräis an 1867 krut hien eng Plaz als Professer an der Chimie un der Sorbonne.
Hien huet 1888 zu Paräis d'Pasteur-Institut gegrënnt.
[Änneren] Seng Aarbechten
A fréieren Aarbechte konnt hie beweisen, datt de Wäin duerch Bakterie sauer gëtt an datt et ähnlech bei der Mëllech wier. Fir datt d'Mëllech méi laang soll gutt bleiwen, huet hien e Verfahren entwéckelt, bei dem d'Mëllech ënnert Drock op héich Temperaturen erhëtzt gëtt. Dëst Verfahre gëtt haut och nach benotzt, et ass di sougenannte Pasteuriséierung.
De Pasteur huet ausserdem erkannt, datt verschidde Krankheeten duerch Organismen ausgeléisst ginn, déi de Kierper vu baussen ugreifen an e konnt beweisen, datt Mëlzbrand duerch Bakterien ausgeléisst gëtt.
[Änneren] Linken
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Louis Pasteur – Biller, Videoen oder Audiodateien |