Konrad II. vu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Konrad II. 1106 – 1136 |
||||||
Bild feelt nach | ||||||
Grof vu Lëtzebuerg | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
De Konrad II. war Grof vu Lëtzebuerg vun 1129 bis 1136. Hie gouf 1106 gebuer an ass 1136 gestuerwen. Hie war den eenzege Fils vum Wilhelm, Grof vu Lëtzebuerg, a vum Mathilde vu Northeim.
Hie war bestued mam Irmingard vun Zütphen, Duechter vum Grof Otto vun Zütphen. Si hate keng Kanner.
Wéi hien 1136 am Alter vu nëmmen 30 Joer gestuerwen ass, war déi männlech Linn am 1. Haus Lëtzebuerg erlosch. D'Grofschaft ass op d'Nokomme vun der Ermesinde vu Namouer, enger Duechter vum Konrad I., iwwergaang. D'Ermesinde war bestued mam Grof Godefroi I. vun Namouer. Hire Fils, den Henri vu Namouer, besser bekannt als Heinrich IV. oder Heng de Blannen, gouf du Grof vu Lëtzeburg.
Virgänger: Wilhelm |
Grof vu Lëtzebuerg 1129 - 1136 |
Nofolger: Heng de Blannen |