Konrad I. vu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Konrad I. ? – 1086 |
||||||
Bild feelt nach | ||||||
Grof vu Lëtzebuerg | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
De Konrad I., Grof vu Lëtzebuerg, war de Fils vum Giselbert vu Lëtzebuerg a Bruder vum Hermann Grof vu Salm dem daitsche Géigekinnek. Hie war bestued mam Clémence vu Poitiers, enger Duechter vum Guillaume d'Aigres. Si hate 5 Kanner.
De Konrad I. ass 1059 nom Doud vu sengem Papp op den Troun komm. Eng vu sengen éischten (bekannten) Doten war déi, datt en den Äerzbëschof Eberhard vun Tréier gefaange geholl an en op Lëtzebuerg bruecht hat. Dorops hin gouf hie vum Poopst Nikolaus II. mam Kierchebann beluet.
De 6. Juli 1083 huet de Grof Konrad d'Benediktinerabtei Almënster gegrënnt. Hien huet dem Klouschter 5 Bauerenhäff (Meierhöfe), d'Fëschereirecht an der Péitruss an an der Uelzecht, e puer Millen an d'Urecht op Bau- an Brennholz aus dem Gréngewald geschenkt.
1085 zitt hie mat senge Bridder (deen een war Bëschof vun Toul an deen anere Bëschof vu Metz) an d'Hellegt Land. Op der Réckrees ass hien awer an Italien gestuerwen. Seng Läich gouf 1090 op Lëtzebuerg bruecht an an der Krypta vun der Almënsterabtei bäigesat.
Virgänger: Giselbert |
Grof vu Lëtzebuerg 1059 - 1086 |
Nofolger: Heinrich III. |