Klerus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Mat Klerus (gr. κληρος - klerós; Lous, Undeel) beschreiwt een d'Totalitéit vum Paschtouerstand (Kleriker) vun enger Relioun. Och wann een domadder gréisstendeels d'Geeschtlecher vum Chrëschtentum mengt, sou gëtt de Begrëff awer och fir all aner Relioune benotzt.
Prinzipiell kann een nëmme vun engem Klerus schwetzen, wann et an enger reliéiser Gemeinschaft eng Grupp vu Leit gëtt, déi duerch hir Fonktioun iwwert den anere Gleewege steet, wéi e Paschtouer, e Bëschof asw.
De Klerus këmmert sech normalerweis ëm bestëmmte Ritualer (Daf, Beschneidung...) am Kader vun der Relioun, si léieren an hëllefen hir Relioun ze verbreeden.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Klerus am Chrëschtentum
[Änneren] De sekuläre Klerus
E Kleriker ass an der orthodoxer, kathoulescher, anglikanescher an al-kathoulescher Kierch e geweihten Amtsdréier. D'Kierchenamt bedeit an dësem spezielle Sënn, datt eng Persoun (orth. a kath.: e Mann) eng vun den dräi Stufe vum Weihesakrament krut.
Sekulär Kleriker sinn domadder:
- Diakonen
- Paschtéier
- Bëscheef
No engem fréiere kathoulesche Kiercherecht (bis 1972) gouf ee schonn duerch d'Tonsur an de Klerus opgeholl. Dës konnt evtl. esouguer laang virun irgendenger Weihe erdeelt ginn, zum Beispill u Seminaristen. Als Virstufen zu der Diakonweihe ware bis dohin och verschidden nidder Weihen ze duerchlafen, déi et an den Ostkierchen zum Deel haut nach gëtt. Historesch gesinn hunn och d'Minoriste schonn zum Klerus gezielt, mee haten awer deelweis net déi selwecht Rechter a Pflichte wéi d'Majoristen. Nidder Weihe féieren no heitegem kathoulesche Recht net méi automatesch derzou, datt dës Persounen zu de Kleriker gezielt ginn.
Fir d'Unerkennung an an tëscht de verschiddene Kierche war de Gedanke vun der apostoulescher Sukzessioun vu Bedeitung, d.h. datt d'Bëschofsamt ouni Ënnerbriechung zënter dem Jesus Christus a sengen Apostele weidergi gouf.
Eng bestëmmte Kleedung (Talar, Soutane, Kamilavka ...) a Frisur (Tonsur, Baart, Trëtz...) sinn üblech a kënne je no Konfessioun variéieren. An der Mass hunn d'Kleriker an der Regel eng speziell Liturgesch Kleedung un.
Zu de wesentleche Rechter a Pflichte vum Klerus ziele folgend Punkten :
- Gehorsamspflicht géigeniwwer vun de kierchleche Virgesetzen (a.d.R. vum Bëschof): De Gehorsam bezitt sech op d'Amtspflichten; d'Privatliewen ass nëmme betraff, wann et ëm "standesgemässt Verhale" geet. D'Rechtsverhälntis vum Kleriker zu der kierchlecher Organisatiounseenheet, déi iwwert im steet (Diözes etc.) nennt een an de westleche Kierchen Inkardinatioun, an den ëstleche Kierchen Askriptioun.
- Geeschtlechen Dingscht: Haaptaufgabe vun de Kleriker sinn d'Wuertverkënnegung an d'Spende vun de Sakramenter. Fir verschidden Ämter gëtt et ausserdem eng Residenzpflicht. Nieft der Séilsuerg an dem Gottesdingscht kënne Kleriker awer och administrativ, wëssenschaftlech, schoulesch, sozial, kulturell an aner kierlech Aufgaben erfëllen.
- Zölibat: An der westlecher kathoulescher Kierch sinn Diakonen (ausser si ware scho virdru bestued), Paschtéier a Bëscheef verpflicht, am Zölibat ze liewen. Vum Zölibat entbanne (Dispens) kann nëmmen de Poopst. An der anglikanescher an an der alkathoulescher Kierch gëtt et kee Pflichtzölibat fir Kleriker.
- Liewenswandel a Perséinlechkeet: E Kleriker soll e Virbild fir déi aner Chrëschte sinn, a säi Liewen och deementspriechend liewen. Et gëtt och bestëmmte Gottesdingscht- a Gebietsverpflichtunge fir Kleriker (zum Beispill d'Stonnegebied). Déi jeweileg Ufuerderungen hänken awer och staark vun de konkreten Aufgabe vum Geeschtlechen an den Traditioune vu senger Kommunautéit of.
- Recht op Ënnerhalt a Versuergung: Heiteg Kleriker gi meeschtens vun hirem Dingschthäer bezuelt. An anere Länner, wéi zum Beispill an Däitschland, gëtt et zousätzlech eng Kierchesteier. Historesch huet d'Versuergung vum Klerus eng grouss Roll gespillt, sou zum Beispill duerch speziell Steiere wéi den Zéngten.
- Gesellschaftlech Privilegien: De Klerus hat an de vergaangene Joerhonnerte gewësse Privilegien. Am Frankräich vum Ancien Régime hunn d'Kleriker zum Beispill verschidde Steieren net misse bezuelen, a si haten hir eege Geriichter. An Däitschland mussen d'Kleriker kee Wehrdingscht leeschten.
[Änneren] De reguläre Klerus
De reguläre Klerus ass déi Partie, déi seng enger Regel ënnerworf huet, an net an der Welt mee zeréckgezunn an engem Klouschter oder enger Abtei liewt. An der ëstlecher kathoulescher Kierch an an der Orthodoxie ginn si als eegene geeschtleche Stand gezielt (zesumme mat den Eremiten, de gottgeweihte Jongfraen an de Wittfraen), déi weder zum Klerus, nach zu de Laien zielen. An der réimesch-kathoulescher Kierch war dëst bis zu der Reform vum Kiercherecht 1983 mam Codex Iuris Canonici ähnlech wann och net genau definéiert. Gläichzäiteg gouf et an de sougenannte Paschtéierorden, bis zum Vatikan II. eng strikt Trennung tëscht de Laiebridder an de Kleriker, déi d'Weih kritt haten, an dat a villen Hisiichten (eege Gebiedszäiten, Arbechtsorganisatioun, Zougang zu Bicher etc.). Haut gëllen Uerdensleit entweder als Laien oder als Kleriker, je nodem, ob si d'Diakon- oder Paschtouerweihe empfaangen hunn, oder net. Gläichzäiteg ass déi ënnerschiddlech Behandlung vu Laien a Paschtéier an den Uerde gréisstendeels ofgeschaf, och wa je no der kiercherechtlecher Konstitioun vum Institut (klerikal oder laikal) ëmmer nach verschidden Ämter nëmme fir Geweihten zougänglech sinn.
[Änneren] Roll an der Gesellschaft
An de reliéis organiséierte Gesellschaftsuerdnunge vum europäesche Mëttelalter, an dene Kierch a Gesellschaft eng Eenheet waren, war de Klerus och gesellschaftlech eng besonnesch Grupp, e sougenannte Stand. Als Haaptaufgab vum Klerus gouf et nom Versteestemech an der mëttelalterlecher Weltuerdnung d'Suerg fir d'Séilenheel vun de Gleewegen, also der Allgemengheet. Wann een zum Klerus gehéiert huet, hat e verschidde Rechter (sou wéi den Zéngten) a Pflichten (sou wéi den Zölibat). Bis an d'Neizäit hat besonnesch den héige Klerus - ähnlech wéi den Adel aus dem d'Majoritéit vum héige Klerus komm ass - verschidde Privilegië géigeniwwer vun den einfache Bierger a Baueren (Drëtte Stand). Mat der Opkläerung, dem Biergertum wat ëmmer méi staark no der Franséischer Revolutioun ginn ass, der Säkularisatioun, den antiklerikalen a laizistesche Bewegungen a Gesellschaftsmodelle vum 19. Joerhonnert, der Trennung vu Kierch a Staat, an dem Opkomme vun demokratesche Gesellschaftsformen, huet d'soziologesch Sonnerstellung vum Klerus gréisstendeels u Bedeitung verluer. Als eng eege Gesellschaftsschicht existéiert de Klerus am modernen Europa praktesch net méi.
[Änneren] Juddentum
Am ale Juddentum gouf et e Paschtouerstand, déi als Kohanim bekannt waren; all Member dovunner, e Kohen, hat Aufgabe vun engem Paschtouer déi en haaptsächlech am Tempel vu Jerusalem ausgefouert huet. Zënter der Zerstéierung vum Tempel vu Jerusalem duerch d'Réimer war hir Roll reduzéiert.
Zënter dëser Zäit huet de Klerus vum Juddentum aus de Rabbië bestanen. Rabbis sinn awer net wéi eis Paschtéier en Tëschestéck tëscht Gott an de Mënschen, mee "Schoulmeeschter". Rabbi ass kee Beruff deen en an der Torah erëmfënnt; fir d'éischte Kéier ernimmt gi si an der Mischna. De moderne Rabbi huet sech an der Ära vun den Talmud entwéckelt. D'Rabbien hunn d'Autoritéit, d'jiddescht Gesetz an d'Traditiounen z'interpretéieren. E Mann kann zu engem Rabbi ginn, nodeems hien e laange Léierprogramm vun Torah, Tanakh, Mischna an Talmud, Midrasch, jiddescher Ethik a jiddeschem Gesetz, Theologie a Philosophie hannert sech bruecht huet.
Zënter dem fréie Mëttelalter koumen och d'Hazzan derbäi.
[Änneren] Buddhismus
Den urspréngleche buddhistesche Klerus waren Sanghas, engem Uerde vu Mönchen an Nonnen, dee vum Gautama Buddha zu Liefzäiten am 5. Joerhonnert v. Chr. gegrënnt gi war. Dës Mönchen an Nonnen hunn sech un de Patimokkha gehalen, engem strikte Code vun Armut an Disziplin. A modernen Zäiten huet sech d'Roll vum buddhistesche Klerus je no Land aneschters entwéckelt. A Korea, Japan an deelweis am Tibet kënne sech buddhistesch Paschtéier bestueden, wat laut dem Patimokkha verbueden ass. Anerersäits hu Länner, déi den Theravada Buddhismus praktizéieren - Thailand, Burma a Sri Lanka - eng vill méi konservativ Vue op d'monastescht Liewen.