Kierch Rolleng (Péiteng)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kierch vu Rolleng | |
Uertschaft | Rolleng (Péiteng) |
Par | Rolleng (Péiteng) |
Numm | Hl. Maria Magdalena |
Konsekratiounsjoer | 1935 (2000) |
Parverband | Péiteng |
Architekt(en) | Deitz |
Reliéis Gebaier |
D'Kierch vu Rolleng gouf vun 1933-1935 no de Pläng vum Architekt Jean Deitz am Stil vun den 1930er Jore gebaut, mat z.B. engem flaache Plafong. Se huet eng Kierch aus dem 19. Joerhonnert vum Architekt Antoine Hartmann ersat (den Tuerm ass nach deen alen). Tëscht 1997 an 2000 hu grouss Renovéierungsaarbechte stattfonnt, no de Pläng vum Louis Weisgerber. Den 18. November 2000 huet den Äerzbëschof Fernand Franck d'Kierch mam neien Altor geweit. D'Kräizegungsgrupp vum Albert Hames aus dem Joer 1979 huet eng Plaz hannen am Chouer fonnt, iwwert dem Tabernakel.
[Änneren] Uergel
Den 15. Januar 2006 huet den Äerzbëschof Fernand Franck eng nei Thunus-Uergel an der Rollenger Kierch ageseent.
[Änneren] Literatur
- Broschür: Renovatioun vun der Rollenger Poarkierch 1997-2000