Kierch Féngeg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Féngeg | |
Uertschaft | Féngeg |
Par | Féngeg |
Numm | Hl. Mathias |
Konsekratiounsjoer | 1866 (26. März) |
Parverband | Nidderkäerjéng |
Architekt(en) | A. Hartmann |
Reliéis Gebaier |
D'Kierch Féngeg gehéiert zu der Gemeng Kënzeg, dem [[Dekanat Käerch an der Pastoralregioun süden.
Féngeg ass eng Bëschofs-Par zënter 1846 an eng Staatlech Par zënter 1874.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] De Bau
Scho beim éischte Bau vu virun 1570 hat d'Kierch als Patrozinium den Hellege Mathias.
Well dat alt Gebai ze kleng war gouf de 24. Juli 1864 de Grondstee fir eng nei Kierch zu Féngeg geluecht, déi de 26. Mäerz 1866 vum Käercher Dechen ageseent gouf.
1925 an 1977 huet de Blëtz an de Kierchtuerm geschloen, dofir gouf deen am Joer 1925, 1978 an 2003 restauréiert.
[Änneren] D'Architektur
Féngeger Kierch ass eng Halekierch mat dräi Schëffer a véier Jochen. De Chouerraum ass polygonal an d'Verwëllef huet eng Kräizgratform.
[Änneren] Bannenan
[Änneren] Den Altor
Eng Statu vum hellege Mathias steet um barocken Héichaltor.
[Änneren] D'Uergel
D'Uergel gouf 1949 vun der Uergelmanufaktur Schilling opgeriicht.
[Änneren] Literatur
- Lëtzebuergeer Wort, 4. Nov. 1978: Die Pfarrkirche in Fingig wird restauriert