Hebe
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Hebe war d'griichesch Gëttin vun der Jugend an der jugendlecher Schéinheet. Si ass d'Duechter vum Zeus an der Hera, an domat d'Schwëster vum Ares an Eileithyia.
Si ass Déngerin a Mondschenk vun de Gëtter um Olymp deenen se Nektar an Ambrosia servéiert. An dëser Funktioun gëtt d'Hebe spéider duerch de Ganymed ofgeléist.
Nodeems den Herakles zum Gott erhuewe gi war, huet en d'Hebe bestuet. Si hunn d'Kanner Alexiarks an Aniketos kritt.
[Änneren] Entspriechungen
- Iuventas
[Änneren] Vergläicht och
- Idun