Geschicht vun Australien
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
[Änneren] Virgeschicht
Virun ongeféier 96 Millioune Joer huet sech Australien vum Urkontinent Gondwana beim Ausenanerdrifte vun der Antarktis ofgespléckt.
Viru fofzegdausend Joer ass de Kontinent fir d'éischt vun den Aboriginies bewunnt ginn. Si sinn héckstwahrscheinlech aus Südostasien eriwwerkomm a gehéieren zu deenen eelste Kulturen op der Welt.
De Begrëff "Terra australis incognita" gouf laang viru senger Entdeckung fir Australien benotzt.
[Änneren] D'europäesch Exploratioun
Dank der staarker Presenz vun den Hollänner an den indoneseschen Häfen vu Bantam a Batavia (Jakarta), as d'Entdeckung vun Australien séier eng Realitéit ginn. D'hollännesch Flott konnt déi Zäit op déi beschte Schëffer zréckgräifen, an huet et mat Hëllef vun deene relativ séier gepackt den éischter geféierleche Süd-Pazifik ze befueren. Géint dem Ufank vum Joer 1606 ass et dem Willem Janszoon gelongen d'Mierstrooss tëscht dem australesche Kontinent an Neiguinea z'ereechen. Den Detroit gëtt allerdéngs no dem spueneschen Fuerscher Luis Vaez de Torres, deen do ee Joer méi spéit laanschtkënnt, benannt. Duerch dem Janszoon seng Entdeckunge beschléissen d'Regierungen vu Batavia gréisser Expéditiounen an de Süd-Pazifik. Den Abel Tasman entdeckt doropshin d'Insel déi méi spéit ënnert sengem Numm bekannt gouf: Tasmanien.
[Änneren] Déi britesch Expeditiounen an Uspréch
Et gesäit am Ufank aus wéi wann de briteschen Asaz an Australien ähnlech verlafe sollt wei dee vun de Spuenier oder vun den Hollänner. 1688 kënnt den englesche Fräibeuter William Dampier am Nord-Oste vun Australien un. Zeréck an England kann hien d'Autoritéiten iwwerzegen, eng nei Expeditioun ze finanzéieren. A senger zweeter Rees (1699-1700) schreiwt hien de komplettesten Rapport iwwer den Inselkontinent vun deeër Zäit. De Rapport ass allerdéngs mat immens ville negativen Ausdrëck gespickt, an déi bréngen déi englesch Autoritéiten dozou, während bal 70 Jor näischt méi z'ennerhuelen.
1770 kënnt den James Cook an der Botany Bay un der Ostküst vun Australien un. Den 23. August revendiquéiert hien offiziell déi Regioun, déi hien New South Wales deeft, fir d'Briten. Déi ganz Küst vun Australien gëtt allerdéngs eréischt vill méi spéit ganz erfuerscht. Am 19. Joerhonnert ass de Matthew Flinders, e Marine-Offizéier, deen éischten deen en Tour ëm de Kontinent mëcht (1801-1803). Ët ass dann och hien deen d'Demande mécht fir den Kontinent Australien ze nennen a net Nei-Holland.
[Änneren] D'Erstelle vun de britesche Sträflingsinselen
Fir Groussbritannien huet Australien e bedeitende strategesche Wäert, dee besonnesch no dem Verloscht vun den amerikanesche Kolonien am Joer 1783 opfällech gëtt. D'Kontroll iwwert den Kontinent offréiert Groussbritannie nämlech eng Base vu militärescher an kommerzieller Wichtegkeet, esou zum Beispill eng gutt Méiglechkeet fir Handel am Pazifik, a méi generell, an Asien. 1776 gëtt de britesche Gouvernement bekannt, datt e plangt, eng Prisongsinsel bei der Botany Bay opzemaachen. Den 13. Mee 1787, verléisst de Kapitän vun der Royal Navy Arthur Phillip England mat 759 Gefangenen. D'Schëff kënnt den 18. Januar 1788 bei der Botany Bay un, allerdéngs gefällt et em do net gutt genuch, an hie mécht sech doropshin a Richtung Norden, bei Port Jackson, vun deem den James Cook scho geschwat hat, mee deen dunn awer nach net erfuerscht war. Port Jackson erweist sech als ee vun de beschten natierlechen Häfen op der Welt. De 26. Januar (deen haut den australeschen Nationalfeierdag ass), Australia Day) mécht en déi éischt europäesch Kolonie op. Dës Kolonie, dei vu Port Jackson aus gesinn, e bësse mei wäit eran am Land läit, gëtt Sydney gedeeft, no dem Numm vum Staatssekretär, dem Lord Sydney, dee responsabel fir d'Pläng vun der Kolonisatioun war, .
[Änneren] D'Weiderféierung vun der Kolonisatioun
1852 hält Groussbritannien op, Sträflingsgefangener op d'Ost-Küst vun Australien ze transportéieren. An der Zäit tëschent de 70er Joren vun dem 18. Joerhonnert bis an d'50er Joren vum 19. Joerhonnert sinn allerdéngs scho 150'000 Gefangener, haaptsächlech a New South Wales an an Tasmanien, déporteiert gin. Vun dem Zäitpunkt un ass et net méi d'Strofgefangenen-Insel mee e wichtege Partner fir [Groussbritannien beim Wollhandel.
Tëschent 1820 an 1880 duerchlieft Australien
- markant Ännerungen, déi d'Base vun der Gesellschaft vun haut duerstellen,
- d'Kréatioun vu 4 vun de 6 Australeschen Staaten,
- eng stark Entwécklung vun der Schofszuucht,
- an d'Entdeckung vu Gold an anere Mineralien um australesche Festland.
Déi éischt europäesch Awanderer hun eng wichteg Roll fir déi positiv Entwécklung vun der australescher Economie gespillt; ausserdeem hannerloosse si eng Geschicht räich u Mythen a Legenden, dei d'Imaginatioun vu villen australesche Schrëftsteller, Poeten an Moler beaflosst huet.
1827 erfuerscht de Kapitän James Franzier Stirling de Laf vum Floss Swan op der Ostküst. Zwee Joer méi spéit kënnt hien als Gourverneur vun der Kolonie erëm zréck, mat enger Handvoll briteschen Investisseuren.
D'Westküst gett eréischt an den 90er Joren vum 19. Joerhonnert voll erschloss. Déi aner Kolonien gi gegrënnt, dorënner Victoria am Joer 1835, a Western Australia am Joer 1837. De ganze Kontinent as awer weiderhin net ganz erfuerscht.
[Änneren] Den Opschwonk vun der Ziichterei
D'Biedem, dei niddrech Nidderschléi, an net zulescht d'Dréchenten, déi ëmmer nees erëmkomm sinn, hunn Australien sécherlech méi wei aner Länner dozou predestinéiert fir eng extensiv Véihwirtschaft, am Géigesaz zu enger Ubau-Agrikultur, ze hunn. Den Développement vun der Zuucht, ass eng vun de wichtege Base vun der Kolonisatioun vun dem Distrikt vu Port Phillip, deen am Südë vun New South Wales läit, an déi an der zweeter Hallschent vun den 1830er Joren ofgeschloss gouf.
D'Bauë vu Melbourne fänkt am Joer 1835 un, an d'Stad entwëckelt sech dann och ganz séier. An de 40er Jore vun dem 19. Joerhonnert, revendikéieren d'Siidler ëmmer méi Onofhängegkeet. 1851 ass et dann endlech souwäit, an den Distrikt vu Port Philip gëtt onofhängeg. E gëtt an Zukunft Victoria, mat der Haaptstad Melbourne, genannt.
Wärenddeems définéieren d'Véihziichter lues an lues d'Grenze vun engem neie Staat, dem Queensland, mat der Haaptstad Brisbane. De Queensland gëtt 1859 vun New South Wales ofgetrennt.
Tëscht 1830 an 1850 hëlt de Wollexport staark bäi, an de gehandelte Gesamtwäert hëlt vun 2 Milliounen Pond op 41 Milliounen bäi.
Mat dem Ukommen vu neien Awanderer, an der Entwéckelung vun den neien Haaptstied, vun deer jiddfereng de wichtechsten Hafen an der Emgéigend as, fänken d'Australesch Staaten, an domadder am Fong ganz Australien un, eng mei grouss Autonomie ze reklaméieren.
[Änneren] D'Entwécklung vun de politeschen Institutiounen
Den Transfer vun der Muecht op d'Australesch Kolonien as defenitiv dovunner vereinfacht ginn, datt Groussbritannien de System vum fräien Handel zum Schluss vun den 40er Joeren vum 19. Joerhonnert adoptéiert huet. Dëse fräien Handel erklärt, datt Groussbritannien Wueren bëlleg um Internationale Maart akafen kann, an dann och gewënnbréngend erëm verkafe kann. Domadder as den Inselstaat wesentlech manner ofhängeg vu senge Kolonien.
Dowéinst koum et zum Australien Colonies Act deen de Kolonien New South Wales, Victoria, Southern Australia an d'VanDiemens-Land, wat 1854 an Tasmanien ëmgedeeft gëtt, en autonome Gouvernement verschaaft. Am Joer 1855 as d'Exekutiv dann an den Hänn vum Cabinet oder dem Ministerrot, dee virun de Lower Houses, vun deenen d'Memberen demokratesch gewielt goufen, responsabel ass.
1860 ginn am ganzen australesche Staat d'Memberen vun dem Lower House gewielt, an dat iwwerall no dem suffrage universel, ausser an Tasmanien. Dësen neie Gouvernement ass immens demokratesch fir déi Zäit. Déi nei politesch Institutioune ginn op dem Vollek seng Wënsch an, a reduzéieren de staarken Afloss, deen d'Ziichter all déi Jore virdrun haten.
[Änneren] D'Zäit vum Goldrausch
De Goldrausch aus de 50er Joere vum 19. Joerhonnert bréngt eng staark Zounahm vun der Populatioun mat sech. 1861 huet Australien bal 1.2 Milliounen Awunner, 3 mol méi wéi 1850. Déi meescht Immigranten kommen aus Grouss-Britannien, den USA oder Kanada.
All Net-wäissen Awanderer gëtt net akzepteiert. Dës Politik as esou populaire, datt den neie Gouvernement se als eng vun den National Devisen am Joer 1901 unhëlt. Ëm 1860 sinn d'Goldoderen awer scho bal all erschöpft, an obwuel Australien seng economesch Situatioun oprecht hale kann, haaptsächlech wéinst dem nach ëmmer immens grousse Wollexport, geet et mat dem Land biergof. D'Leit hannerfroen dann och dem Gouvernement seng Politik, well deen zum Beispill nach ëmmer un der Eisenbunns trace queescht duerch den Kontinent festhält, a vu deeër d'Konstruktioun vill Suen verschléngt.
An den Joeren tëschent 1870 an 1880, ass d'Gesellschaft gedeelt; déi eng sinn Unhänger vum Protektionnismus déi aner vum fraien Handel. D'Zeitungen and d'Politiker sinn dann och an engem Dilemma wéi enge vun den zwou Gruppe se recht gi sollen. All dëst, wéi och déi d'Jalousien zweschen de verschiddenen Australesche Staaten, verhënnert e gutt Zesummeschaffe bis ongefeier an d'Joer 1890
[Änneren] D'Behandlung vun den aboriginale Vëlker
Ignoranz a pure Rassismus vu Säit vun der Bevëlkerung si fir vill Urawunner Deel vum Alldag. Zwar hunn d'Aboriginies déi selwecht Rechter wéi all déi aner Australier anerer Ofstamung, mä dëst gëllt allerdéngs nëmmen um Pabeier. Duerch d'Medie bedéngt gesi vill Australier d'Aboriginies als eng Aart Schandfleck, am Géigesaz zu den Touristen déi ganz oft an Australien komme fir eng vun deenen eelste bestehende Kulture kennen ze léieren. D'australesch Regierung gëtt zwar Milliarde vun Dollar fir d'Ënnerstëtzung vun den Aboriginies aus, mä fir e Kontrakt auszehandelen, wéi dat an anere Länner mat de gläiche Problemer besteet, ass si net bereet. No laangem streiden an de Gerichter, iwwert dee verluerenen Buedem vun den Uraustralier, hunn d'Riichtere schlussendlech unerkannt, natierlech ënnert bestëmmte Bedéngungen, dass déi éischt Australier en Urusprooch ob Grond a Buedem kéinten hunn. Zwëschen 1910 an 1970 huet de Begrëff geklaute Generatioun d'Ronn gemaach. Gemengt sinn hei d'Mischlingskanner, déi hiren Elteren ewechgeholl gi sinn an an Heemer komm sinn. Vill Aboriginies leiden nach haut ënnert Aarbechtslosegkeet, Alkoholproblemer an Zivilisatiounskrankheeten.
[Änneren] D'Gesellschaft an d'Kultur am 19. Joerhonnert
Dat séiert Zouhuele vun der Bevölkerung an den Joren tëschent 1830 an 1860 dréit besonnech zum Wuestum vun de sechs Haaptstied bei. D'Kolonien urbaniséieren sech ëmmer méi ronderëm d'Punkte vun deenen en puer Joerzéngte méi fréi d'Kolonisatioun gestart huet.
Mat dem Ofhuele vun dem Goldofbau am Victoria an, an New South Wales, an den 1860'er Joeren, gin vill "Prospektoren" an d'Stiedt hiert Gleck probéieren. Zum Schluss vum Joerhonnert sin Sydney an Melbourne ënnert de gréisste Stied vun der Welt, och wann Australien weiderhin nëmme ganz schwaach bewunnt as.
All dei aner Kolonië ginn als direkt Konkurrenten gesinn, an nëmmen den Lien mat Grouss-Britannien ass vu gréisserer Wichtechkeet.
[Änneren] D'Federatioun
[Änneren] Vun dem enge Krich bei deen nächsten
Den Éischte Weltkrich ass den ausschlagenende Punkt fir déi "richtech" Unificatioun vun de 6 australesche Staaten zu engem groussen, welche sech senger Kraaft an Identiteit bewosst ass. Australien äntwert dem Opruff vun den Alliéierten a schéckt méi wéi 330'000 Zaldoten an de Krich. Méi wéi 60'000 Doudeger an 165'000 Blesséierter sinn déi markant Zuelen.
1915 gëtt de William Morris Huges Premier a Chef vum Labour Party. Heen assistéiert dann och op der Friddenskonferenz 1919, a kritt et hin datt Nei-Guinea wat bis dohinner zu Däitschland gehéiert huet, ënnert d'australescht Mandat gestallt gëtt.
D'Pouvoiren déi dem Féderalen Gouvernement per Konsitutioun zougetraut ginn, erlaben et eng staark, zentral Féierung ze hunn. Vun engem Finanziellen Standpunkt aus gesinn, zitt Australien e Virdeel aus dem Éischte Weltkrich. Besonnesch d'Textil-, d'Automobils-Industrie an d'Sidérurgie profitéieren. Doduerch verstärkt sech och d'Positioun vun den australesche Produkter wéi zum Beispill der Woll, dem Wees, dem Kalleffleesch an dem Schoofsfleesch op dem britesche Marché.
E Konflikt an der nationalistescher Partei, déi vum William Morris Huges gegrënnt gi war, forcéierten dann 1923 d'Muechtpositioun ze verloosen. Den Stanley Melbourne Bruce, chef vun dem Konservativen Fligel, gëtt neie Premier, mat Hëllef vun enger Koalitioun, an als eenzege seriöen Geigner, dem Labour Party. Fir en ähnleche Wuestum wéi wärend dem Krich oprechtzeerhalen, probéiert den Gouvernement d'Basis Industrien ze entwéckelen, mee, déi Grouss-ekonomesch-Dépressioun vun den 30er Joere mécht hinnen e Strech duerch d'Rechnung. D'Konsquenz vun der dem Schwarzen-Donneschten huet dann och an Australien seng Affer gefuerdert, well d'Publik an d'Perseinlech Scholden zu enger Zäit zougeholl hunn, wéi de Chomage scho relativ héich war.
1929 kennt d travaillistesch Partei erëm un d'Muecht. D'Ekonomesch Reprise ass chaotesch, an nëmme schwéier eremzeginn. Verschidden Desaccorden bannent der Partei féieren alt erëm eng Keier zu enger Opspleckung vun der Partei. Den Gouvernement hält 1931 op, a bis zum Enn vun den 30er Joeren ass d'United Australien Party, déi aus Ex-Membere vun der Nationalistescheer an dem Travaillistescher Partei zesummengesat ass, um Pouvoir. De Premier ass an der Zäit den Joseph A. Lyons.
1939 wéi de Krich an Europa erëm ungefaangen huet, schéckt Australien erëm Streikräften, haaptsächlech fir déi englesch Inselen ze beschützen. Wéi de Krich am Pazifik 1941, zweschen den USA a Japan ungefaangen huet, a Grouss-Britannien sech net an der Lag gewissen huet genuch Zaldote fir de Schutz vun Australien auszesenden, beschléist den neien Travaillisteschen-Gouvernement vum John Joseph Curtin sech mat den USA ze verbünden.
Bis zu der Libératioun vun den Philippineschen Inselen, benotzen d'Alliert Truppen, ennert dem Amerikaneschen Generol Mac Arthur, Australien als Operatiouns Base. Obwuel datt d'Perte wesentlech manner schlemm si wéi während dem Éischte Weltkrich, sinn d'Australier psychologesch méi ugeschloen, well zu all Moment eng Japanesch Invasioun gefaart gëtt.
Mat der Victoire vun den Allierten am Korallen-Mier am Joer 1942, gëtt déi Invasioun allerdéngs onméiglech gemaach. Eng weider Kéier adapteiert sech dei Australesch Ekonomie op déi Saachen déi vum Krich gefuerdert ginn. D'Entwécklung no dem Zweete Weltkrich gëtt dann och vun de Miltairesche Basen queesch duerch d'Land gefuerdert. D'Industrie verwandelt sech an eng Transformatiouns-Industrie.
Den Curtin stierft am Joer 1945, an den neie Gouvernement dee vum Joseph Benedict Chifley guidéiert gëtt, verbessert d'Relatiounen tëschent Australien an den USA mat dem Pakt: ANZUS, mat New Zealand als drëttem Partner.