Gabrielle d'Estrées
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Gabrielle d'Estrées (gebuer ëm 1571 zu Montlouis-sur-Loire a gestuerwen den 10. Abrëll 1599 zu Paräis) war zënter 1591 d'Maîtresse vum franséische Kinnek Henri IV. Si war d'Meedche vum Antoine d'Estrées, Groussmeeschter vun der Artillerie a Gouverneur vun der Île-de-France.
Um Enn vum Joer 1590 war den Henri IV. duerch Zoufall beim Schlass vu Cœuvres laanschtkomm, an deem d'Gabrielle d'Estrées gewunnt huet, a war direkt vun hir begeeschtert. Der Form halber gouf si mam Damerval de Liancourt bestuet, kuerz drop awer nees gescheet a vum Henri IV. un den Haff geholl. Den Henri IV. huet fir si d'Herzogtum vu Beaufort geschaf, an hir Famill mat allméigleche Geschenker an Honneure begeeschtert. Si war Marquise vu Monceaux, Herzogin vu Beaufort, Herzogin vu Verneuil an Herzogin vun Étampes.
Am Schlass vu Montceaux zu Montceaux-lès-Meaux (Seine-et-Marne) huet d'Gabrielle d'Estrées nei Gebaier baue gelooss, ënner anerem déi véier Pavillonen un den Ecker. No hirem Doud huet den Henri IV. den Terrain nees opkaf, an den der Maria vu Medici als Cado no der Gebuert vum Louis XIII. geschenkt.
Nodeems de Poopst d'Bestidnis vum Henri IV. mat der Marguerite vu Valois (der Reine Margot) annuléiert hat, wor d'Hochzäit vum franséische Kinnek mat der Gabrielle d'Estrées fir den 10. Abrëll 1599 geplangt. Si wor zu dësem Zäitpunkt ewell mam véierte Kand vum Henri IV. schwanger, mee an der Nuecht vum 9. op den 10. Abrëll, e puer Stonne ier aus der Gabrielle d'Estrées sollt d'Kinnigi vu Frankräich ginn, krut si en Ufall nodeems si eng Orange giess hat, un deem si gestuerwen ass. Et gouf zimlech séier Rumeuren datt d'Gabrielle d'Estrées vergëft gi wir, mee aner Hypothese zielen, datt si un Eklampsie gestuerwen ass. D'Doudesursaach bleift also ongekläert.
No hirem Doud huet den Henri IV. geschriwwen: « Mon affliction est aussi incomparable que l'était le sujet qui me la donne. Les regrets et les plaintes m'accompagneront jusqu'au tombeau. La racine de mon cœur est morte et ne rejettera plus... »
Si krut d'Recht op e kinneklecht Begriefnis.
Mam Henri IV. hat d'Gabrielle d'Estrées dräi Kanner:
- César, (1594-1665), Herzog vu Vendôme ;
- Catherine Henriette (1596–1663), d'« Mademoiselle de Vendôme », bestued mam Charles II. vu Loutréngen, Herzog vun Elbeuf a Grof vun Harcourt ;
- Alexandre (1598–1629), de « Chevalier de Vendôme ».
[Änneren] Literatur zum Thema
- Janine Garrisson, Gabrielle d'Estrées : aux marches du palais, Tallandier, Paräis, 2006 (ISBN 2-84734-288-5)
- Michel de Decker, Gabrielle d'Estrées, Pygmalion, Paräis, 2003 (ISBN 2-85704-864-5)
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
Dem Henri IV. seng aner Maîtressen, mat deenen hie Kanner hat:
- Charlotte des Essarts
- Henriette de Balzac d'Entragues
- Jacqueline de Bueil