Foussball-Weltmeeschterschaft
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschreiwt d’ Foussball-Weltmeeschterschaften vun de Männer. Fir d’Weltmeeschterschaft vun de Fraen, kuckt Fraenfoussball-Weltmeeschterschaft.
D’ Foussball-Weltmeeschterschaft (FIFA-Weltpokal) vun de Männer ass en Foussballturnéier tëscht Nationalequippen dat all véier Joer ofgehale gëtt. Organisateur ass de Weltfoussballverband FIFA. D’Veranstaltung ass nieft den Olympësche Spiller dat bedeitenst Sportevenement vun der Welt. Aktuelle Weltmeeschter ass Brasilien, déi nächst Foussball-Weltmeeschterschaft gëtt 2006 an Däitschland ausgedroen.
Zënter 1991 ass och all véier Joer eng Foussball-Weltmeeschterschaft fir Dammen .
[Änneren] Geschicht
Virun 1930 kann een d’Turnéier während an spéider nieft den Olympësche Spiller als Viirleefer bezeechnen. Spéitestens mat de Spiller 1928 war d’Wierkung vun engem internationale Foussballturnéier z'erkennen.
1863 gouf zu London d’Football Association gegrënnt an d’Zäit vum organiséierte Foussball hat domat ugefaangen. Zu dësem Zäitpunkt war d’British Empire déi aflossräichste Natioun vun der Welt, et hat op der ganzer Welt seng Stëtzpunkten a britesch Schëffer waren an all Hafen ze fannen. Dat historescht Besonnescht war d’Grondlag fir d’weltwäit Verbreedung vun den englesche Foussballregelen bannent enger Generatioun. Déi éischt Mätcher baussent de briteschen Inselen goufen a Séihäfen vu briteschen Matrousen organiséiert.
Um Enn vum 19. Joerhonnert goufen an Europa an Amerika vill Nationalverbänn gegrënnt, wat d’Organisatioun vun internationale Rendez-vousen erméiglecht huet.
Dat éischt Spill tëschend Vertrieder vun nationale Verbänn war den 30.11.1872 zu London. (Schottland – England / Resultat: 0:0)
Den 21.05.1904 war en weideren Meilensteen an der Foussballgeschicht, dësen Dag gouf am franséischen Verbandshaus d’FIFA gegrënnt an domat en nationalt Denken verhënnert, trotzdem sollt et nach vill Joerzéngter daueren, bis déi amerikanesch Verbänn en bedeitenden Afloss op déi vun den europäeschen Verbänn geprägte Politik vun der FIFA kruten.
[Änneren] Turnéier a Weltmeeschter
Joer | Ausdroungs-Land | Finale | Spill em drëtt Plaz | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Weltmeeschter | Resultat | 2. Plaz | 3. Plaz | Resultat | 4. Plaz | ||||
1930 Detailer |
Uruguay | Uruguay |
4:2 | Argentinien |
USA Jugoslawien |
n.a.(1) | |||
1934 Detailer |
Italien | Italien |
2:1 n.V. |
Tschechoslowakei |
Däitschland |
3:2 | Éisträich |
||
1938 Detailer |
Frankräich | Italien |
4:2 | Ungarn |
Brasilien |
4:2 | Schweden |
||
1942 | ---- | ausgefall(2) | |||||||
1946 | ---- | ausgefall(2) | |||||||
1950 Detailer |
Brasilien | Uruguay |
n.a.(3) | Brasilien |
Schweden |
n.a.(3) | Spuenien |
||
1954 Detailer |
Schwäiz | BR Däitschland |
3:2 | Ungarn |
Éisträich |
3:1 | Uruguay |
||
1958 Detailer |
Schweden | Brasilien |
5:2 | Schweden |
Frankräich |
6:3 | BR Däitschland |
||
1962 Detailer |
Chile | Brasilien |
3:1 | Tschechoslowakei |
Chile |
1:0 | Jugoslawien |
||
1966 Detailer |
England | England |
4:2 n.V. |
BR Däitschland |
Portugal |
2:1 | Sowjetunioun |
||
1970 Detailer |
Mexiko | Brasilien |
4:1 | Italien |
BR Däitschland |
1:0 | Uruguay |
||
1974 Detailer |
BR Deutschland | BR Däitschland |
2:1 | Niederlande |
Polen |
1:0 | Brasilien |
||
1978 Detailer |
Argentinien | Argentinien |
3:1 n.V. |
Holland |
Brasilien |
2:1 | Italien |
||
1982 Detailer |
Spuenien | Italien |
3:1 | BR Däitschland |
Polen |
3:2 | Frankräich |
||
1986 Detailer |
Mexiko | Argentinien |
3:2 | BR Däitschland |
Frankräich |
4:2 n.V. |
Belsch |
||
1990 Detailer |
Italien | BR Däitschland |
1:0 | Argentinien |
Italien |
2:1 | England |
||
1994 Detailer |
USA | Brasilien |
0:0 n.V. |
Italien |
Schweden |
4:0 | Bulgarien |
||
3:2 no Eelefmeterschéissen | |||||||||
1998 Detailer |
Frankräich | Frankräich |
3:0 | Brasilien |
Kroatien |
2:1 | Holland |
||
2002 Detailer |
Südkorea und Japan |
Brasilien |
2:0 | Däitschland |
Tierkei |
3:2 | Südkorea |
||
2006 Detailer |
Däitschland | Italien |
5:3i. E. 1:1n.V. |
Frankräich |
Däitschland |
3:1 | Portugal |
||
2010 Detailer |
Südafrika |
[Änneren] Auszeechnungen
Um Enn vun all Weltmeeschterschaft gi méi Auszeechnunge u Spiller an Teams vergin, déi sech vum Rescht beim Betruechten vun verschiddenen Aspekter bemierkbar gemaach hun.
Aktuell gët et fënnef verschidden Auszeechnungen:
- den Adidas Gëllene Schong fir de Spiller deen déi meeschte Goler geschoss huet;
- den Adidas Gëllene Ball fir de beschte Spiller;
- d' Lev Yashin-Trophäe fir de beschte Golkipper;
- den FIFA Fair Play Award fir dat fairsten Team;
- d' Equipe mat der beschter Ënnerhaalung vun der WM
[Änneren] Adidas Gëllene Schong
De Gëllene Schong gët dem beschten Torschütze vun enger WM-Ennronn iwerreecht. Fir d'éischt ass dës Auszeechnung bei der WM 1982 vergi gin.
Weltmeeschterschaft | Spiller | Goaler |
---|---|---|
1930 Uruguay | Guillermo Stabile (Argentinien) | 8 |
1934 Italien | Oldrich Nejedlý (Tschechoslowakei) | 5 |
1938 Frankräich | Leônidas (Brasilien) | 8 |
1950 Brasilien | Ademir (Brasilien) | 9 |
1954 Schwäiz | Sandor Kocsis (Ungarn) | 11 |
1958 Schweden | Just Fontaine (Frankräich) | 13 |
1962 Chile | Garrincha (Brasilien) Vava (Brasilien) Leonel Sanchez (Chile) Drazen Jerkovic (Jugoslawien) Valentin Ivanov (Sowjetunioun) Florian Albert (Ungarn) |
4 |
1966 England | Eusebio (Portugal) | 9 |
1970 Mexiko | Gerd Müller (BRD) | 10 |
1974 BRD | Grzegorz Lato (Polen) | 7 |
1978 Argentinien | Mario Kempes (Argentinien) | 6 |
Gëllene-Schong-Gewënner | ||
1982 Spuenien | Paolo Rossi (Italien) | 6 |
1986 Mexiko | Gary Lineker (England) | 6 |
1990 Italien | Salvatore Schillaci (Italien) | 6 |
1994 USA | Hristo Stoichkov (Bulgarien) Oleg Salenko (Russland) |
6 |
1998 Frankräich | Davor Suker (Kroatien) | 6 |
2002 Südkorea/Japan | Ronaldo (Brasilien) | 8 |
[Änneren] Adidas Gëllene Ball
De Gëllene Ball ass eng auszeechnung, déi un de beschte Spiller vun enger WM-Ennronn vergi gët. d'FIFA nomminéiert dofir zéng Spiller, aus deenen dann d'Medienreprésentant'en wiele kënnen. De Spiller mat de meeschte Stëmmen krit dann de Gëllene Ball iwerreecht, de Spiller mat den zweet meeschte Stëmmen gewënnt de Sëlwere Ball an den drëttplazéierte gewënnt de Bronzene Ball. Bis elo hun ëmmer Spiller aus dräi ënnerschiddlechen Natioune déi dräi éischt Plaze beluecht.
Weltmeeschterschaft | Gëllene Ball | Sëlwere Ball | Bronzene Ball |
---|---|---|---|
1982 Spuenien | Paolo Rossi (Italien) |
Falcão (Brasilien) |
Karl-Heinz Rummenigge (BRD) |
1986 Mexiko | Diego Maradona (Argentinien) |
Harald Schumacher (BRD) |
Preben Elkjaer-Larsen (Dänemark) |
1990 Italien | Salvatore Schillaci (Italien) |
Lothar Matthäus (Däitschland) |
Diego Maradona (Argentinien) |
1994 USA | Romário (Brasilien) |
Roberto Baggio (Italien) |
Hristo Stoichkov (Bulgarien) |
1998 Frankräich | Ronaldo (Brasilien) |
Davor Suker (Kroatien) |
Lilian Thuram (Frankräich) |
2002 Südkorea/Japan | Oliver Kahn (Däitschland) |
Ronaldo (Brasilien) |
Hong Myung-Bo (Südkorea) |
[Änneren] Lev Yashin-Trophäe
D' Lev Yashin-Trophäe gët säit 1994 un de beschte Goalkipper vun enger WM-Ennronn vergin. De Präis ass nom legendären russesche Goalkipper Lew Jashin benannt.
Weltmeeschterschaft | Lev Yashin-Trophäe Gewënner |
---|---|
1994 USA | Michel Preud'homme (Belsch) |
1998 Frankräich | Fabien Barthez (Frankräich) |
2002 Südkorea/Japan | Oliver Kahn (Däitschland) |
2006 Däitschland | Gianluigi Buffon (Italien) |
[Änneren] FIFA Fair Play Award
De FIFA Fair Play Award gëtt dem fairsten Team vun der WM-Endronn verginn. Et goufen allerdéngs ginn nëmmen Equipe berücksichtigt, déi sëch fir déi zweet Ronn qualifizéiere konnten.
Weltmeeschterschaft | FIFA-Fair-Play-Award-Gewënner |
---|---|
1978 Argentinien | Argentinien |
1982 Spanien | Brasilien |
1986 Mexiko | Brasilien |
1990 Italien | England |
1994 USA | Brasilien |
1998 Frankräich | England Frankräich |
2002 Südkorea/Japan | Belsch |
[Änneren] Equipe mat der beschter Ënnerhaalung
D'Auszeechnung vun der Equipe mat der beschter Ënnerhaalung geet un d'Equipe, déi d'Publikum mat hirer Spillweis an hirem Optrieden bei der WM-Ennronn am meeschten Ënnerhaal huet. D'Entscheedung get dobäi vun der Öffentlëchkeet getraff, déi bei der Oofstëmmung deel huele kann. Dës Auszeechnung gouf 1994 fir d'éischte kéier vergin.
Weltmeeschterschaft | Ënnerhalsamst Equipe |
---|---|
1994 USA | Brasilien |
1998 Frankreich | Frankräich |
2002 Südkorea/Japan | Südkorea |
[Änneren] Ranglëschten
[Änneren] Ranglëscht vun de Weltmeeschter
1. Brasilien - 1958, 1962, 1970, 1994, 2002 (5 Titel)
2. Däitschland - 1954, 1974, 1990, (3 Titel)
Italien - 1934, 1938, 1982 (3 Titel)
4. Argentinien - 1978, 1986 (2 Titel)
Uruguay - 1930, 1950 (2 Titel)
6. England - 1966 (1 Titel)
Frankräich - 1998 (1 Titel)
[Änneren] Ranglëscht vun de Vize-Weltmeeschter
1. Däitschland - 1966, 1982, 1986, 2002 (4x)
2. Argentinien - 1930, 1990 (2x)
Brasilien - 1950, 1998 (2x)
Italien - 1970, 1994 (2x)
Holland - 1974, 1978 (2x)
Tschechoslowakei - 1934, 1962 (2x)
Ungarn - 1938, 1954 (2x)
8. Schweden - 1958 (1x)
[Änneren] Ranglëscht vun den Halleffinalisten
1. Brasilien, Däitschland (10x)
3. Italien (7x)
4. Argentinien, Uruguay, Schweden, Frankräich (4x)
[Änneren] Ranglëscht vun de WM-Participatiounen
1. Brasilien (17 Participatiounen)
2. Däitschland und Italien (15x)
4. Argentinien (13)
5. Mexiko (12x)
6. Belsch, England, Frankräich, Spuenien (11x)
10. Schweden, Uruguay (10x)
[Änneren] Ranglëscht mat de Länner mat de meeschten erzielte Goler bei enger WM
1. Ungarn - 1954 (27 Goler a 5 Mätcher; 5,4 pro Mätch)
2. Däitschland - 1954 (25 Goler a 6 Mätcher; 4,2 pro Mätch)
3. Frankräich - 1958 (23 Goler a 6 Mätcher; 3,8 pro Mätch)
4. Brasilien - 1950 (22 Goler a 6 Mätcher; 3,7 pro Mätch)
5. Brasilien - 1970 (19 Goler a 6 Mätcher; 3,2 pro Mätch)
[Änneren] Spiller mat de meeschte WM-Participatiounen
Zwee Spiller hun un fënnef Weltmeeschterschaften deelgeholl:
- Antonio Carbajal (Mexiko) (5 Participatiounen - 1950 bis 1966)
- Lothar Matthäus (Däitschland) (5 Participatiounen - 1982 bis 1998)
Véierzéng Spiller hun un véier Weltmeeschterschaften deelgeholl:
- Djalma Santos (Brasilien) (4 - 1954 bis 1966)
- Pelé (Brasilien) (4 - 1958 bis 1970)
- Karl-Heinz Schnellinger (Bundesrepublik Däitschland) (4 - 1958 bis 1970)
- Uwe Seeler (Bundesrepublik Däitschland) (4 - 1958 bis 1970)
- Gianni Rivera (Italien) (4 - 1962 bis 1974)
- Pedro Rocha (Uruguay) (4 - 1962 bis 1974)
- Wladyslaw Zmuda (Polen) (4 - 1974 bis 1986)
- Diego Maradona (Argentinien) (4 - 1982 bis 1994)
- Giuseppe Bergomi (Italien) (4 - 1982 bis 1990 und 1998)
- Enzo Scifo (Belsch) (4 - 1986 bis 1998)
- Franky van der Elst (Belsch) (4 - 1986 bis 1998)
- Andoni Zubizarreta (Spuenien) (4 - 1986 bis 1998)
- Paolo Maldini (Italien) (4 - 1990 bis 2002)
- Lew Jaschin (Russland) (4 - 1958 bis 1970)
[Änneren] Ranglëscht vun de Spiller mat de meeschte WM-Mätcher
1. Lothar Matthäus (25 Mätcher)
2. Paolo Maldini (23 Mätcher)
3. Diego Maradona, Uwe Seeler, Wladyslaw Zmuda (21 Mätcher)
6. Grzegorz Lato (20 Mätcher)
7. Wolfgang Overath, Karl-Heinz Rummenigge, Berti Vogts (19 Mätcher)
[Änneren] Ranglëscht vun de WM-Torschützen
1. Gerd Müller (Däitschland) (14 Goler)
2. Just Fontaine (Frankräich) (13 Goler)
3. Pelé (Brasilien) (12 Goler) Ronaldo (Brasilien) (12 Goler)
5. Sandor Kocsis (Ungarn) (11 Goler) Jürgen Klinsmann (Bundesrepublik Däitschland) (11 Goler)
7. Helmut Rahn (Bundesrepublik Däitschland) (10 Goler) Teofilo Cubillas (Peru) (10 Goler) Grzegorz Lato (Polen) (10 Goler) Gary Lineker (England) (10 Goler) Gabriel Batistuta (Argentinien) (10 Goler)
[Änneren] Fakten
- De jéngste Spiller bei enger WM: Norman Whiteside (Nordirland) am Alter vu 17 Joer bei der WM 1982
- De jéngste Spiller, deen bei enger WM en Gol geschoss huet: Pelé (Brasilien) am Alter vu 17 Joer bei der WM 1958
- De jéngste Spiller, deen Weltmeeschter gin ass: Pelé (Brasilien) am Alter vu 17 Joer bei der WM 1958
- Den eelsten Spiller, deen bei enger WM en Gol geschoss huet: Roger Milla (Kamerun) am Alter vun 42 Joer bei der WM 1994
- Déi éischt Rout Kaart: Carlos Caszely (Chile) bei der WM 1974
- Déi meescht Rout Kaarten: Rigobert Song (Kamerun) - 2 mol bei 3 WM-Participatiounen
- Déi meescht Eelefmeter-Goler: Gabriel Batistuta, Eusebio an Rob Rensenbrink – 4 Goler
[Änneren] Kuckt och
- Foussball-Weltmeeschterschaft 2006 an Däitschland
[Änneren] Literatur
- Bergmann, Winfried / Huba, Karl-Heinz / Mrazek, Karl-Heinz: Die Geschichte der Fussball - Weltmeisterschaft, Copress-Verlag, 1991, 208 Säiten (ISBN 3767903113)
- Fuhr, Wolfgang: Fußballweltmeisterschaften, Agon-Verlag, Mee 2005 (ISBN 3897842653)
- Grüne, Hardy: Fußball WM Enzyklopädie 1930-2006, Agon-Verlag, Dez. 2002 (ISBN 389784205X)
- Hartmann, Waldemar / Netzer, Günter / Kauer, Robert: Menschen, Tore & Sensationen. Geschichte und Geschichten. WM 1930-2006, Wero Press, Juli 2002, 268 Säiten (ISBN 3980697371)
- Schulze-Marmeling, Dietrich / Dahlkamp, Hubert: Die Geschichte der Fußball-Weltmeisterschaft 1930-2006, Die Werkstatt, Abrëll 2004, 560 Säiten (ISBN 3895334618)
[Änneren] Um Spaweck
- Offiziell Websäit
- Natiounenwertung / Éiweg Tabell
- Geschicht vun den Fussballweltmeeschterschaften
- Finals information
- Portal fir d'WM 2006 - Infoen zu Stied, Stadien, Equippen
Uruguay 1930 - Italien 1934 - Frankräich 1938 - Brasilien 1950 - Schwäiz 1954 - Schweden 1958 - Chile 1962 - England 1966 - Mexiko 1970 - Däitschland 1974 - Argentinien 1978 - Spuenien 1982 - Mexiko 1986 - Italien 1990 - USA 1994 - Frankräich 1998 - Südkorea/Japan 2002 - Däitschland 2006 - Südafrika 2010 - 2014
China 1991 - Schweden 1995 - USA 1999 - USA 2003 - China 2007