Fernand Boden
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Fernand Boden (*13. September 1943 zu Iechternach) ass e lëtzebuergesche Politiker.
De Fernand Boden mécht seng Première zu Iechternach a studéiert dono um Cours Supérieur an op der Uni zu Léck Mathematik a Physik, wouranner en en Doktorat huet. Tëschent 1966 an 1978 ass hie Professer am Iechternacher Lycée.
Seng politesch Carrière fänkt en 1970 als éischte Schäffe vun Iechternach un (bis 1976. 1978 réckelt hien op der Lëscht vun der CSV an d'Chamber no. Duer gëtt en 1979 erëmgewielt, a gëtt Minister fir Erzéiung, Jugend an Tourismus an der Regierung Werner-Thorn-Flesch. Dës Portefeuillen behält en och vun 1984 bis 1989 an der Regierung Santer-Poos I bäi.
1989 gëtt de Fernand Boden Minister fir Familljen a Solidaritéit, Mëttelstand an Tourismus an der Regierung Santer-Poos II. 1994 kënnt d'Fonction Publique derbäi. De 26. Januar 1995 gëtt de Jean-Claude Juncker Premierminister, an d'Ministeschposte gi geännert. De Fernand Boden gëtt Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Ëntwécklung, fir Mëttelstand an Tourismus a fir Wunnéngsbau.
Tëscht 1999 an 2004, an der Regierung Juncker-Polfer an och no de Wahle vum 13. Juni 2004, an der Regierung Juncker-Asselborn, huet de Fernand Boden déi selwecht Portefeuillë bäibehalen.
Heen ass den déngschteelste Minister an der aktueller Regierung.
De Fernand Boden ass bestuet a Papp vun zwee Kanner.