Europäesch Zentralbank
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Europäesch Zentralbank (kuerz: EZB) gouf 1998 gegrënnt, fir, wéi et am Traité iwwert d'Europäesch Unioun virgesi war, déi neigeschafe Währung, den Euro, anzeféieren an ze géréieren, Change-Operatiounen ze maachen an dofir ze suergen, dass d'Bezuelsystemer ouni Problemer fonctionnéierern. Hir Aufgab ass et och, d'Wirtschafts- a Währungspolitik vun der EU ze definéieren an ëmzesetzen. Si huet hire Sëtz zu Frankfurt.
Fir dës Aufgaben s'erfëlle, schafft si mam "Europäesche System vun den Zentralbanken" zesummen, an deem déi 25 Zentralbanke vun den EU-Memberstaaten vertruede sinn. Well bis ewell just 12 vun deene Länner den Euro agefouert hunn (déi sougenannt Euro-Zon), bilden dës, zesumme matt der Europäescher Zentralbank, de sougenannten "Eurosystem".
D'Europäesch Zentralbank, wéi och d'national Zentralbanke vum Eurosystem, si vëlleg onofhängeg an hiren Decisiounen. D'Europäesch Institutiounen an d'Regierunge vun de Memberstaate däerfen net probéieren, dës ze beaflossen.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Hir Aufgaben
Eng vun den Haaptaufgabe vun der Europäescher Zentralbank ass et, d'Präisstabilitéit an der Euro-Zone bäizebehalen, fir dass den Euro séng Kafkraaft behällt.
Fir dat s'erreechen, muss si d'Inflatioun genee am A behalen. D'EZB mécht alles, fir dass dës ënnert 2 % am Joer bleift. Dofir kontrolléiert se fir d'éischt emol, wivill Suen am Ëmlaf sinn. Wann dat der zevill wieren par rapport zu de Wueren an Servicer, déi ugebuede ginn, giff d'Inflatioun an d'Lut goen. Zweetens kontrolléiert se, wéi d'Präisser sech entwécklen an se évaluéiert, wéi wäit doduercher d'Präisstabilitéit an der Euro-Zon a Gefor ass.
Fir d'Mass vun de Suen am Ëmlaf ze beaflossen, leet d'Europäesch Zentralbank den Leed-Zënssaz (Taux directeur) fest, dee fir déi ganz Euro-Zon gëlt.
[Änneren] Hier Functiounsweis
D'Aarbechte vun der EZB ginn duerch dës 3 Entscheedungsinstanzen definéiert:
Den Directoire sëtzt sech zesummen aus dem President, dem Vizepresident a véier anere Memberen, déi all vun den Staats- a Regierungscheffen vun de Länner vun der Euro-Zon eenheetlech op 8 Joer désignéiert goufen. Aktuelle President ass zanter dem November 2003 de Jean-Claude Trichet.
Den Directoire sëtzt Währungspolitik ëm, sou wéi se vum Conseil vun de Gouverneure vun den Zentralbanken (kuckt méi wäit ënnen) decidéiert gouf, a gëtt den nationalen Zentralbanken Instructiounen. Heen ass verantwortlech fier d'alldeeglech Gestioun vun der EZB.
De Conseil des vun de Gouverneure vun den Zentralbanken ass dat iewescht Decisiouns-Organ vun der EZB. E sëtzt sech zesummen aus de 6 Membere vum Directoire an de Gouverneure (Presidente) vun den 12 Zentralbanken aus der Euro-Zon. Hien decidéiert iwwert d'Währungspolitik an der Euro-Zone, an e leet d'Zënssätz fest, zu deenen d'Geschäftsbanken bei der Zentralbank Sue léine kënnen.
Da gëtt et nach den Erweiderte Conseil, an deem de President an de Vizepresident vun der EZB, souwéi d'Gouverneure vun den Zentralbanke vun alle 25 EU-Memberstaaten zesummekommen. Den Erweiderte Conseil dréit ë.a. dozou bäi, d'Ausbreedung vun der Euro-Zon matt ze preparéieren.
[Änneren] Soss
Op all Euroschäin sti lénks uewen d'Initiale vun der EZB an deene verschiddene Sproochen:
- EZB: Europäische Zentralbank
- BCE: Banque Centrale Européenne, Banco Central Europeo, Banca Centrale Europea, Banco Central Europeu
- ECB: European Central Bank, Europæiske Centralbank, Europese Centrale Bank, Europeiska Centralbanken
- ΕΚΤ: Ευρωπαικη Κεντρικη Τραπεζα
- EKP: Euroopan Keskuspankki
D'Ënnerschrëft vun der 2002er-Serie ass déi vum Wim Duisenberg, dem Virgänger vum Trichet. Neierdéngs kommen och Billjetë mam Trichet senger Ënnerschrëft an Ëmlaf.
[Änneren] Literatur
- Otmar Franz: Die Europäische Zentralbank, Europa-Union-Verlag, Bonn, 1990