Eligiuskapell Diddeleng
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eligiuskapell | |
Uertschaft | Diddeleng (Quartier Schmelz) |
Par | Diddeleng |
Numm | Hl. Eligius |
Konsekratiounsjoer | 1964 (27. Sept.) |
Parverband | Diddeleng |
Architekt(en) | Norbert Mangen |
Reliéis Gebaier |
De Grondstee vun der Eligiuskapell (St Éloi) am Diddelenger Quartier Schmelz gouf de 6. September 1963 geluecht. D'Kapell gouf no de Pläng vum Architekt Norbert Mangen an engem "kubistesche" Stil gebaut. Si gouf den 27. September 1964 vum deemolege Generalvikar Jean Hengen geweit.
Besonnesch bemierkenswäert ass de 24 Meter héige rouden Tuerm deen aus 3 Greyträger zesummegesat ass. En ass engersäits e Symbol fir d'Dräifaltegkeet an anersäits weist en eng gewëss Verbonnenheet mat der Eisenindustrie aus där Géigend an dem Quartier.
D'Eligiuskapell gëtt zënter enger Zäit net méi benotzt.
[Änneren] Literatur
- Albert Weber, 20 Jahre St.-Eligius-Kapelle in Düdelingen, Luxemburger Wort (26. Sept. 1984) S. 9