Jean Hengen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean Hengen (* 23. November 1912 zu Diddeleng; † 29. Januar 2005 an der Stad Lëtzebuerg) war Äerzbëschof vu Lëtzebuerg.
De 27. Oktober 1940 gëtt de Jean Hengen zum Paschtouer geweit.
Den 8. Abrëll 1967 gëtt hien zum Titulärbëschof vu Calama a Koadjutor vum Bistum Lëtzebuerg ernannt. De 4. Juni weit den deemolege Bëschof Léon Lommel en zum Bëschof. Wéi de Léon Lommel stierft, trëtt de Jean Hengen seng Nofolleg als Bëschof vu Lëtzebuerg un (13. Februar 1971).
De 16. Mee 1985, wéi de Poopst Jean-Paul II. zu Lëtzebuerg op Visite ass, iwwerdréit hien him de perséinlechen Titel vun engem Äerzbëschof. 1988 gëtt Lëtzebuerg eng Erzdiözes.
Den 21. Dezember 1990 trëtt de Jean Hengen als Äerzbëschof zeréck. Säin Nofollger gouf de Fernand Franck.
Hie war President vun der däitschsproocheger Commissioun fir d'Editioun vu liturgesche Bicher.
[Änneren] Um Spaweck
Virgänger | Bild feelt | Nofolger |
---|---|---|
Léon Lommel | Lëscht vun de Bëscheef | Fernand Franck |