Edmond Halley
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Edmond Halley, gebuer den 8. November 1656 zu Haggerston bei London, a gestuerwen den 14. Januar 1742 zu Greenwich, war en engleschen Astronom a Mathematiker.
Den Halley huet zu Oxford Mathematik an Astronomie studéiert. Scho mat 21 Joer huet hien eng Method verëffentlecht, mat deeër een d’Perihel an d’Aphel souwéi d’Exzentrizitéite vun de Planéite bestëmme kann. Hie reest 1677 op d’Insel St. Helena a bestëmmt do Stäre vum südlechen Himmel. Op Uweisung vun der kiniklecher Akademie vun de Wëssenschaften gëtt hie beoptragt de wëssenschaftlëche Sträit zu Danzig tëschent dem Robert Hooke an dem Johannes Hevelius zu schlichten. Duerch seng Berechnungen huet hien 1677 drop higewisen wéi wichteg d’Venusdurchgäng bei der Bestëmmung vun der Sonneparallaxe sinn.
An de Joren 1680 bis 1681 bereest den Halley Frankräich an Italien, a regt eng wëssenschaftlech Zesummenaarbecht tëschent den Observatoirë vu Greenwich a Paräis un.
Tëschent 1698 a 1700 reest de Halley zweemol an Nordamerika, vir d’Richtung vun der Magnéitnol op verschiddene Plazen op der Äerduewerfläch ze bestëmmen. Als Resultat vun dëse Reese konnt hie 1701 déi éischt grouss Kaart mat magnéitescher Deklinatioun verëffentlechen.
1703 rifft d’Universitéit Oxford den Halley op de Léierstull fir Geometrie. Do verbessert hien d'Längebestëmmungen an der Moundtheorie. 1705 konnt hie mat dëser neier Method d’Bunnelementer vu Koméiten (d’Joere 1531, 1607 a 1682) berechnen. Duerch dës Berechnunge koum de Verdacht op, datt dës Beobachtungen der ëmmer vun deemselwechte Koméit sinn, dee géint Ufank 1759 erëmkomme soll.
Well sech d’Virausso bestätegt huet, gouf dëse Koméit zënterhier Halleysche Koméit bezeechent.
Nodeem 1719 de kinneklechen Astronom John Flamsteed stierft, gëtt nach am selwechte Joer den Halley zu sengem Nofolger zu Greenwich genannt. Als Astronom zu Greenwich verbessert hien d’Stäreverzeechnes vum Ptolemäus a verëffentlecht dëst an der Geographiae veteris scriptores graeci minores.
Am Alter vu 86 Joer stierft den Edmond Halley de 14. Januar 1742 zu Greenwich.
Nieft senge Berechnunge vu Koméitebunnen (z.B. Halleysche Koméit) erfuerscht den Halley och den Äerdmagnetismus an de Monsun. Hien entdeckt och d’Eegebewegung vu Stären. Hie verbessert d’Taucherklack an hie mécht sech verdingt mat der Erfindung vum Spigeloktant. De Spigeloktant ass en Instrument fir astronomesch Observatiounen (fir d’Navigatioun) um Mier ze maachen.
[Änneren] Wierker
- Catalogus stellarum australium. - London : s.n., 1679
- Methodus directa geometrica investigandi excentricitates planetarum (1677)
- Tabulae astronomicae. - London : s.n., 1749
[Änneren] Literatur
- Cook, Alan: Edmond Halley : charting the heaven's and the seas. - Oxford : Clarendon, 1998. - ISBN 0-19-850031-9
- Roman, Colin A.: Edmond Halley : genius in eclipse. - London : Macdonald, 1970
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Edmond Halley – Biller, Videoen oder Audiodateien |