Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions Discworld - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Discworld

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Image:Literatur.png
Dësen Artikel gehéiert zur
Serie Literatur
Lëtzebuergesch Literatur

Schrëftsteller - Bicher

Literaturgeschicht

Antikitéit - Mëttelalter
16. Jht. - 17. Jht.
18. Jht. - 19. Jht.
20. Jht. - 21. Jht.

Literaresch Formen

Lyrik - Epik - Drama
Novell - Didaktik
Poesie - Roman

Liest heizou och

Literaresch Stréimungen
Literaresch Präisser

Nationen a Sproochen

Amerikanesch - Englesch
Arabesch - Chinesesch
Däitsch - Finnesch
Franséisch - Griichesch
Indesch - Iresch
Italienesch - Japanesch
Lëtzebuergesch
Latäin - Russesch
Schwäizer - Spuenesch
Ungaresch

Discworld ass eng Serie vu méi wéi 30 Bicher vum Terry Pratchett déi op enger Fantasy-Welt spillen déi eben Discworld heescht, op lëtzebuergesch: Scheiwewelt.

Et ass eng Scheif, e bëssen esou wéi sech d'Leit aus dem Mëttelalter d'Äerd virgestallt hunn. Dës Scheif gëtt vu véier Elefanten gedroën an déi stinn op dem Réck vun der gigantescher Riesen-Schildkröt Great A'Tuin, déi gemittlëch duerch de Weltall schwëmmt.

Dës Welt huet seng ganz eegen Naturgesetzer, mee esouguer déi ginn zimmlëch oft vun der Zauberkraft gebéit déi op dëser Welt ëmmer präsent ass.

D'Iddi vun enger Schildkröt-dréit-Elefant-dréit-Welt ass eng Indo-Europäesch déi et ganz besonnesch am Hinduismus gëtt. Do heescht déi Schildkröt Chukwa. Zum Thema kann een och noliesen am The King and I an am Brewer's Dictionary of Phrase and Fable.

Zënter der éischter Geschicht, 1983 The Colour of Magic, ass se emmer méi bekannt ginn, a mëttlerweil ginn et Theaterstécker, Musek an comics déi vun dëser Welt inspiréiert gi sinn. Nei Bicher si regelméisseg an de Bestseller-Leschten vun der The Sunday Times, de Pratchett war an den Nonzeger Joeren den meeschtverkaaften englesche Schrëftsteller, haaptsächlech wéinst sengen Discworld Bicher (mëttlerweil ass hien vum J.K. Rowling mat dem Harry Potter iwwerholl gin). Discworld Bicher hunn och eng Rei Auszeechnunge kritt, wéi den Prometheus Award an d’Carnegie Medal. Ann der BBC hirem Big Read, waren véier Discworld Bicher an den Top 100, insgesamt véierzeng an den Top 200.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Publizéiert Wierker

[Änneren] Bicher

Méi wéi 30 Bicher an e puer Kuerzgeschichte spillen an der Scheiwewelt. All Bicher vum Pratchett, zumindest déi englesch Editiounen, hu Schutzemschléi déi vum Josh Kirby (gestuerwen am Oktober 2001), gemoolt sinn. Zënter dem Doud vum Kirby huet den Artist Paul Kidby d’Bicherëmschléi gemacht.

Esou zimmlech all Discworld Bicher hu keng Kapitel-Andeelungen. Meeschtens sinn et verschidde Geschichten déi matenee verwuewen sinn. Dat lescht Buch aus der Serie Going Postal ass dat éischt mat engem Prolog an Epilog.

Vill vun de Figuren kommen ëmmer erëm an den verschiddene Bicher vir an et kann een eng Evolutioun bei hinne gesinn. Vu datt verschidde Bicher och an der sëlwechter Stad spillen, kann et och virkommen datt eng Haaptfigur aus engem Buch, op eng Kéier eng Nieweroll an engem anere Buch spillt. Zu de Figuren sief nach gesot, datt de Pratchett sech ëmmer vill Méi gëtt mat hiren Nimm, déi am englesche ganz dacks eppes heeschen, wat de Charakter vun der Figur, physesch oder psychesch, beschreift. Esou heescht eng vun den Hexen Granny Weatherwax, wat op lëtzebuergesch kéint heeschen Bomi Wieder-Wues, a genau esou gesäit si och aus. Wann eng Hex Garlick (also Knueweleck) heescht, huet dat och säi Grond.

Déi ganz Geschichte kann een a verschidde Kategorien ennerdeelen, wou zum Beispill Figuren an Themen déisëlwecht sinn:

  • d’Rincewind Geschichten – Dës Geschichten dréie sech em de sougenannten Zauberer Rincewind. Sougenannt well a Wiirklechkeet ass de Rincewind eng komplett Null wat Zauberei ugeet. Duerch eng Rei vun Emstënn déi der am Beschten sëlwer an de Bicher liest, gëtt hien awer als Zauberer unerkannt. An dëse Geschichten geet och oft Riets vun deenen aneren Zauberer, déi zum Beispill an der Zauberer-Héichschoul Unseen University liewen. (« unseen » ass englesch an heescht : nach nie gesinn)
  • d’Hexen Geschichten – An dëse Geschichten ëm d’Hexen vu Lancre, spillen haaptsächlech d’Granny Weatherwax, Nanny Ogg, Magrat Garlick, a spéider och d’Agnes Nitt mat.
  • Geschichte mam Doud – Hei geet et em den Doud a senger üblecher Personifikatioun, als Skelett an der schwaarzer Robe mat enger Séissel. Dem Doud seng Enkelin Susan, säin Butler Albert an de Raaten-Doud kommen och vir.
  • Geschichten em d’Stadwuecht – Dës Geschichten zentréiere sech em der Stad Ankh-Morpork hier Stadwuecht, bei eis wier dat d’Police. De Samuel Vimes ass de Kommandant, seng Offizéieren sinn de Carrot Ironfoundersson (e Mënsch deen als Zwerg obgewues ass), Angua (e Werwollëf), Fred Colon (den typesche Sergeant), Detritus (en Troll) an den "Nobby" Nobbs (e "Mënsch"). An dëse Geschichten kënnt och oft de Lord Vetinari, Partrizier an Herscher vun Ankh-Morpork fier.
  • der Hex Tiffany Aching seng Geschichten – Et geet quasi nëmmen em d’Tiffany Aching, e jonkt Meedchen an d’Nac Mac Feegle. Dës Bicher sinn éischter Kannergeschichten, mee passe sech un déi aner Hexe Geschichten un, zum Beispill ganz gutt am A Hat Full of Sky.

Ganz dacks beschäftege sech Discworld-Bicher mat engem Thema dat aus dem Liewen gegraff ass. The last Continent spillt an Australien an sou munch australesch Eegenarten dauchen op. Hogfather ass eng Geschicht wou et em Chrëschtdag geet. The Truth hellt déi ganz Neiegkeeten-Medien op d’Schëpp a bei Monstrous Regiment sinn 2 Länner am Krich géinteneen, a kee wees firwat.

Discworld Bicher:

Numm Grupp ISBN Noten Themen
The Colour of Magic Rincewind Täschebuch: ISBN 0552124753 Eischtausgab 1983. Plaz 93 am Big Read. Fantasy clichés; Rollespiller
The Light Fantastic Rincewind Täschebuch: ISBN 0552128481 Eischtausgab 1986. Fantasy clichéen
Equal Rites Hexen Täschebuch: ISBN 0552131059 Eischtausgab 1987. Fantasy clichéen, Gläichberechtegung vu Mann a Fra
Mort Doud Täschebuch: ISBN 0552131067 Eischtausgab 1987. Plaz 65 am Big Read. Den Doud an seng Personifikation
Sourcery Rincewind Täschebuch: ISBN 0552131075 Eischtausgab 1988. Fantasy Geschicht, Apokalypse
Wyrd Sisters Hexen Täschebuch: ISBN 0552134600 Eischtausgab 1988. Plaz 135 amBig Read. Shakespeare, méi spezifesch Macbeth an Hamlet
Pyramids Verschiddenes Täschebuch: ISBN 0552134619 Eischtausgab 1989. Schoulgeschichten; Aegyptesch Mythologie; Quanten Physik
Guards! Guards! The City Watch Täschebuch: ISBN 0552134627 Eischtausgab 1989. Plaz 69 am Big Read. Krimi, Rassenhond (Draachen) Ziichterei, Fantasy Geschicht
Faust Eric Rincewind Täschebuch: ISBN 0575600012 Eischtausgab 1990. Am Original als 'Discworld story' erauskomm: grousst Format an voll illustréiert vum Josh Kirby; elo als normalt Täschebuch ouni Illustratiounen. Faust, Dante : Inferno, Homer : Iliad
Moving Pictures Verschiddenes Täschebuch: ISBN 0552134635 Eischtausgab 1990. Hollywood, den Cthulhu Mythos
Reaper Man Doud Täschebuch: ISBN 0552134643 Eischtausgab 1991. Plaz 126 am Big Read. Alien Invasioun SF, "Man With No Name" Western, Moderniséierung, Akaafszänter, Rechter vun den Minoritéiten Bewegungen
Witches Abroad Hexen Täschebuch: ISBN 0552134651 Eischtausgab 1991. Plaz 197 am Big Read. Märecher, Voodoo an Tourismus
Small Gods Verschiddenes Täschebuch: ISBN 0552138908 Eischtausgab 1992. Plaz 102 am Big Read. Relioun, Philosophie
Lords and Ladies Hexen Täschebuch: ISBN 0552138916 Eischtausgab 1992. Shakespeare, UFOs, Feeën
Men at Arms Staadwuecht Täschebuch: ISBN 0552140287 Eischtausgab 1993. Plaz 148 am Big Read. Krimi
Soul Music Doud Täschebuch: ISBN 0552140295 Eischtausgab 1994. Plaz 151 am Big Read. Rockmusek
Interesting Times Rincewind Täschebuch: ISBN 0552142352 Eischtausgab 1994. China, Kommunismus
Maskerade Hexen Täschebuch: ISBN 0552142360 Eischtausgab 1995. Oper; The Phantom of the Opera
Feet of Clay Staadwuecht Täschebuch: ISBN 0552142379 Eischtausgab 1996. Krimi; Roboter
Hogfather Doud Täschebuch: ISBN 0552145424 Eischtausgab 1996. Plaz 137 am Big Read. Chrëschtdag; Kleeschen
Jingo Staadwuecht Harden Dëckel: ISBN 0575065400 Eischtausgab 1997. Krich, Diplomatie, Rassismus an Xenophobia, Multi-Kultur, Jingoism, Globaliséierung
The Last Continent Rincewind Harden Dëckel: ISBN 0385409893 Eischtausgab 1998. Action/Abenteur; Australien
Carpe Jugulum Hexen Harden Dëckel: ISBN 0385409923 Eischtausgab 1998. Vampir Geschicht
The Fifth Elephant Staadwuecht Harden Dëckel: ISBN 0385409958 Eischtausgab 1999. Plaz 153 am Big Read. Diplomatie, osteuropäesch Folklor an Literatur, The Maltese Falcon, Politesch-Verschwörungsgeschicht
The Truth Verschiddenes Harden Dëckel: ISBN 0385601026 Eischtausgab 2000. Plaz 193 am Big Read. Watergate, Zeitungen, The Front Page an His Girl Friday
Thief of Time Doud, oder Verschiddenes Harden Dëckel: ISBN 0385601883 Eischtausgab 2001. Plaz 152 am Big Read. Wuxia an Filmer mat Arts Martiaux, Chaos, The Fab Four an d’Apocalypse
The Last Hero Verschiddenes Harden Dëckel: ISBN 057506885X Eischtausgab 2001. Publizéiert am Groussformat, illustréiert vum Paul Kidby. Legenden, Prometheus, Dungeon&Dragons, Conan, de Barbar, den Space Shuttle, Apollo 13, an den Leonardo da Vinci
The Amazing Maurice and his Educated Rodents Verschiddenes Harden Dëckel: ISBN 0385601239 Eischtausgab 2001. Ee Kannerbuch aus der Scheiwewelt. Am Joer 2001 Gewënner vun der Carnegie Medal. Beatrix Potter, The Pied Piper of Hamelin, The Secret of NIMH
Night Watch Staadwuecht Harden Dëckel: ISBN 0385602642 Eischtausgab 2002. Am Joer 2003 de Prometheus Award gewonnen. Plaz 73 am Big Read. Krimi, historesch Romaner (zum Beispill Les Misérables), Zäitreesen, déi Franséisch Revolutioun, den Peterloo Massaker
The Wee Free Men Tiffany Aching Harden Dëckel: ISBN 0385605331 Eischtausgab 2003. Nach een Discworld Kannerbuch. Folklore, Mythen aus Schottland, Braveheart an Highlander, Féen Molerei vum Richard Dadd
Monstrous Regiment Verschiddenes Harden Dëckel: ISBN 0552149411 Eischtausgab 2003. Den Titel ass inspiréiert vun The First Blast of the Trumpet Against the Monstrous Regiment of Women. Folklore Lidder (speziell Sweet Polly Oliver), Fraleit déi sech als Männer ausginn fir an d’Arméi ze goen (wéi den Colonel Gauntlett Bligh Barker), déi Napoleonesch Kricher, den éischten Weltkrich (speziell wat den Patriotismus ugeet, an d’"fir Krëschtdaag sinn mer nees doheem" Mentalitéit)
A Hat Full of Sky Tiffany Aching Harden Dëckel: ISBN 0385607369 Eischtausgab 2004. Discworld Kannerbuch. D’Geschicht an Folklor vun den Hexen aus Groussbritannien, Ausserierdecher déi Gedanken kontrolléieren, Science Fiction
Going Postal Verschiddenes Harden Dëckel: ISBN 0385603428 Eischtausgab 2004. Politik, Héichstaplerei, Wirtschaftskriminalitéit, Geschicht vun der Post, Wirtschafts-Monopol, häcken
Wintersmith Tiffany Aching Kéint een neien Roman sinn, op der Convention 2004 ass een Extrait virgeliess ginn.
I Shall Wear Midnight Tiffany Aching Am 'The Art of Discworld' gëtt dovunner geschwat, vläicht een neien Roman.
nach ouni Titel Rincewind Wahrscheinlech een neien Rincewind Roman – aus dem 'The Art of Discworld', (et kéint awer och eng Referenz op een drëtt 'Science of Discworld' Buch sinn).
Thud Staadwaach Neien Roman? Een Extrait deen op der Convention 2004 geliess gouf, léisst drop schléissen datt et ëm d’Verhältnis vun Zwergen an Trollen geet. (Thud ass ee Spill dat ëm eng Schluecht tëschent verschidde Rasse geet).

[Änneren] Kuerzgeschichten

Et ginn och véier Kuerzgeschichte vum Pratchett déi op der Scheiwewelt spillen : Theatre of Cruelty, Death and What Comes Next, Troll Bridge an The Sea and Little Fishes. Déi éischt zwou fënnt een (op englesch) op dësem internet site online. Déi drëtt ass am After The King: Stories in honour of J. R. R. Tolkien erauskomm, an déi véiert a Legends, vum Robert Silverberg erausginn.

Doriwwer eraus fënnt een all dës an nach aner Geschichten iwwert d’Scheiwewelt, zum Beispill d’Geschicht vum Thud an der Nationalhym vun Ankh-Morpork, an der Collectioun vum Pratchett senge Kuerzgeschichten, Once More* *With Footnotes.

[Änneren] Quiz Bicher

Bis elo ginn et zwee Discworld QuizBicher, zesummegestallt vum David Langford:

  • The Unseen University Challenge kucken bei University Challenge (TV)..
  • The Wyrdest Link kucken bei The Weakest Link (TV)..

[Änneren] Landkaarten

Et ginn véier Landkaarten:

  • The Streets of Ankh-Morpork (1993)
  • The Discworld Mapp (1995)
  • A Tourist Guide to Lancre (1998)
  • Death's Domain (1999)

Déi éischt zwou si vum Stephen Player gezeechent ginn, orientéiere sech u Pläng vum Pratchett a Stephen Briggs, déi drëtt ass eng Collaboratioun tëscht dem Briggs an dem Kidby, déi Lescht ass vum Paul Kidby. An dëse Landkaarten ass och jeweils e klengen Textdeel, geschriwwe vum Pratchett a Briggs.

[Änneren] Net-Fiktioun Bicher

De Pratchett huet zesummen mat dem Ian Stewart an dem Jack Cohen dréi Bicher iwwert d’Wëssenschaft geschriwwen, als Hannergrond natierlech d’Scheiwewelt:

  • The Science of Discworld
  • The Science of Discworld II: The Globe
  • The Science of Discworld III: Darwin's Watch

[Änneren] Agenda

All Joer gëtt et och een Agenda Discworld Diary an e Kalenner.

[Änneren] Associéiert Veröffentlechungen

  • The Discworld Portfolio (eng Collectioun vum Paul Kidby sengen Zeechnungen)
  • The Discworld Companion (eng Enzyklopedie iwwert Discworld, zesummegestallt vu Pratchett a Briggs)
  • Nanny Ogg's Cookbook (e Kachbuch mat Rezepter, iwwert étiquette, Blummesprooch etc., geschriwwe vum Pratchett mat dem Stephen Briggs an Tina Hannan)
  • The Art of Discworld (dem Paul Kidby seng Konscht)
  • The Ankh-Morpork Almanack (een Almanach vir d’Joer op der Scheiwewelt, Stil Agenda, vum Pratchett mat dem Bernard Pearson)

[Änneren] Adaptatiounen

[Änneren] Theaterstécker

Bis elo gin et néng Theaterstécker vun Discworld Bicher, iwwregens ginn déi Suen vun dësen Urheberrechter direkt un ONG’en gespend. D’Adaptatiounen si vum Stephen Briggs a si fir d’éischt vun dem Studio Theatre Club zu Abingdon, am Oxfordshire produzéiert ginn. Zum Beispill wieren dat The Truth, Maskerade, Mort, Wyrd Sisters, a Guards! Guards!. Dës Theaterstécker si mëttlerweil schonn op alle Kontinenter opgefouert ginn, anscheinend esouguer schonn an der Antarktis.

[Änneren] Filmer

Et gouf schonns e puer Versich Filmer ze dréien, mee déi sinn alleguer un de Käschten gescheitert. Snowgum Films, e Filmstudio an Australien soll awer elo d’Opnahmen fir den Film Troll Bridge faerdeg hunn.

[Änneren] Animatiounen

Animatiounen ginn et vu Soul Music a Wyrd Sisters, produzéert vu Cosgrove-Hall Productions fir Channel 4 am Joer 1996. Déi kritt een op DVD a VHS. De Soundtrack vu Soul Music gëtt et op CD.

[Änneren] Radio Adaptatiounen

Et ginn eng sëllechen BBC Radio Adaptatiounen vu Scheiweweltgeschichten, zum Beispill vu Wyrd Sisters, Guards! Guards! (erzielt vum Martin Jarvis) a Mort.

[Änneren] Spiller

[Änneren] Rollespiller

Den Terry Pratchett huet zesumme mat dem Phil Masters zwee Rollespiller fir d’Scheiwewelt mat dem GURPS Spillsystem erausbruecht :

  • GURPS Discworld
  • GURPS Discworld Also

Een inoffiziellen supplément gëtt et online:

  • GURPS Discworld Bye Nighte

[Änneren] Computerspiller

Discworld Computerspiller:

  • The Colour of Magic (Sinclair Spectrum)
  • Discworld 1 (PC/Microsoft Windows)
  • Discworld 2: Missing Presumed...!? (PC/Windows)
  • Discworld Noir (PC/Windows, PlayStation)
  • Discworld MUD (Internet)

[Änneren] Gesellschaftsspiller

Et gëtt een Discworld Gesellschaftsspill, Thud, geschaf vum Trevor Truran.

[Änneren] Merchandise

Merchandise mam Thema Discworld gëtt et vum Stephen Briggs, Bernard Pearson a Clarecraft (ganz besonnesch flott Figuren).

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu