Antigone
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Antigone war an der griichescher Mythologie eng Duechter vum Ödipus a senger Mamm a Fra Iokaste. Hier Gesëschter waren den Eteokles, de Polyneikes an d'Ismene.
Déi klassesch Versioun vum Mythos fënnt sech am Sophokles senger Tragedie "Antigone" erëm. Donieft gëtt et awer och aner Versiounen déi deelweis vum Sophokles ofwäichen.
Wéinst dem ongewollten Delikt vun hieren Elteren (kuckt: Ödipus) louch e Fluch op dem Antigone. Si, an hier Schwëster Ismene, hunn hiere blanne Papp an d'Verbanung begleet, a si bis zu sengem Doud bei him an der Friemt bliwwen. Duerno ass d'Antigone op Theben zréck gaang fir dee virausgesoten Zweekampf tëscht hiere Bridder ze verhënneren. Nodeems den Ödipus nämlech fort gaang ass hu sech seng Jonge Polineikes an Eteokles d'Muecht iwwer Theben gedeelt. Wéi de Polyneikes awer du vu sengem Brudder verdriwwe ginn ass, ass hie mat enger Trupp géint Theben gezunn (Siwe géint Theben). Déi zwee Bridder hun sech am Kampf géigesäiteg ëmbruecht.
Dem Antigone säi Monni, de Kinnek Kreon vun Theben verbidd d'Läich vun Polyneikes ze begruewen. D'Antigone awer huet sech deem widdersat an ass duerfir vum Kreon lieweg an eng Hiel agemauert ginn. Wéi dem Kreon säi Jong Haimon, dem Antigone säi Cousin a Verlobten, dat gewuer ginn ass wollt hien hatt befreien, mee e koum ze spéit, d'Antigone hat sech erhaang. Den Haimon huet doropshinn och sengem Liewen en Enn gesat.
[Änneren] Literatur
- Sophokles, "Antigone", ISBN: 315007682X