André Thyes
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den André Thyes (* 15. Mee 1867 a +3. Abrëll 1952 an der Stad Lëtzebuerg) war e lëtzebuergesche Moler.
Den André Thyes huet zu München, Antwerpen, Paräis a Léiwen Konscht studéiert, an ass 1894 an der Stad als Zeecheprof ugestallt ginn. Schonn ee Joer virdru war hie mat derbäi, wéi de Cercle artistique gegrënnt gouf, a vun 1904 bis 1910 deem säi President. Bis 1933 war en Konschtprofesser an der Industrieschoul.
Säi Wierk besteet virun allem aus Landschaftsbiler, Aquarellen an Uelegbiller, déi am Stil vum Impressionismus a Pointillismus gemoolt sinn.