Albert Borschette
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Albert Borschette (*14. Juni 1920 zu Dikrech, †8. Dezember 1976 zu Bréissel) war e lëtzebuergeschen Diplomat a Schrëftsteller.
[Änneren] Säi Liewen
Den Albert Borschette mécht säi Lycée zu Dikrech an an der Stad a studéiert dono op den Uniën zu Aix-en-Provence, Innsbruck, München a Paräis.
Am Krich gëtt en an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert a muss un d'Ostfront. Séng Erliefnisser do verschafft e literaresch: bal all séng Bicher hun iergendwéis mat der Sowjetunioun oder mam Krich ze dinn.
Mee och säin Asaz an a fier Europa kann een als Bäitrag derzou gesinn, weider Kricher an Europa onméigleg ze man (an engem vu sénge Bicher schreift e vun der "génération sacrifiée"). Tëschent 1958 a 1970 ass e Stännege Representant (Ambassadeur) vu Lëtzebuerg bei den Europäesche Communautéiten, der spéiderer Europäescher Unioun.
Tëscht 1970 a 1976 ass en, ënnert de successive Presidentschafte vum Franco Maria Malfatti, Sicco Mansholt a François-Xavier Ortoli, Member vun der Europäescher Commissioun ("Commissaire") a këmmert sech ëm d'Konkurrenz. Ënnert sénger Zoustännegkeet koum et ënnert anerem zum Zerschloe vum Zockerkartell.
No him benannt ass e Konferenzzentrum zu Bréissel, iwwer dat en hollännesche Journalist eng Kéier schrouf: "Wat huet dee Mann gemaach dass esou en ellent Gebai no him benannt ass?". Säi Liewenslaf leet no, dass do sécherlech keng Kausalbezéiung besteet.