Abtei vun Aulne
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Abtei vun Aulne ass eng Zisterzienser-Abtei am Hennegau an der Belsch.
Si ass nit wäit ewech vun Thuin a Gozée a läit um rietsen Uwenner vun der Sambre.
Der Legend no gouf se 657 vum Hl. Landelin gegrënnt.
1794 gët d'Abtei vun franséischen Revolutiounstruppen zerstéiert.
De Generol Charbonnier hat Feier leeë gelooss a mat der Abtei ass d' Bibliothéik mat 50.000 Bicher verbrannt.
Haut gesäit een nach d'Ruine vun der Abtei-Kierch. 1875 ass eng nei Kierch gebaut ginn op der Plaz wou virdrun d'Klouschter stoung.